BGL LigueDe Racing dréint de Match a wënnt 2:1 géint Rouspert

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg war den Optakt vum 27. Spilldag tëschent dem Racing an der Victoria vu Rouspert.
© Joel Sauber

Mat 2:1 huet de Racing Union Lëtzebuerg d’Victoria Rouspert geklappt. Schonns an der zweeter Minutt vum Match huet de Soladio seng Faarwen a Féierung bruecht. D’Heemekipp war awer iwwer de ganze Match dominant, koum awer an enger éischter Phas géint eng stabil Ofwier net zu Golchancen. An der zweeter Hallschent ass den Drock fir d’Gäscht ëmmer méi héich ginn. An der 69. Minutt huet de Mabella de verdéngten Ausgläich markéiert. Dem Racing ass dat awer net duergaangen a si hu weider no vir gespillt. Kuerz viru Schluss huet de Rossi den 2. Gol geschoss an d’Victoire fir seng Faarwe geséchert. Duerch dës Defaite bleift Rouspert weider am Tabellekeller hänken.

Um Sonndeg ass d’Suite vum Championnat mat dem Spëtzematch tëschent dem Tabellenéischten F91 Diddeleng an dem Swift Hesper, deen am Moment op Plaz 2 steet. Dat Ganzt gëtt et an der RTL Sport Live Arena an am Ticker op RTL.lu.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO