
Dat hätten den Trainer an de Sportvirstand Jonas Boldt no engem laangen an ausféierleche Gespréich esou zesummen decidéiert. Wier den Hecking mam HSV opgestigen, da wier säi Kontrakt automatesch verlängert ginn.
Als Nofollger vum Dieter Hecking gëtt den Dimitrios Grammozis gehandelt. De Griich war ze lescht bei Darmstadt 98 engagéiert.