
An do huet sech d’Jeunesse mat 4:1 géint d’Fola behaapt. Hesper an den F91 hunn och Victoirë gefeiert. An der Partie tëschent Munneref a Käerjeng si vill Goler gefall. Am Owesmatch huet Péiteng eng 2:0-Féierung géint Stroossen aus der Hand ginn. D’Partie goung mat engem 2:2 op en Enn.
Am Escher Derby tëschent der Jeunesse an der Fola waren et déi Schwaarz-Wäiss, déi vill besser an d’Partie komm sinn. No gudde Chancë vum Larrière a vum Latic, huet den Arénate no 9 Minutten d’Féierung markéiert. Op der anerer Säit ass wéi aus dem Näischt den 1:1 duerch de Costa gefall. Réischt no deem Gol war d’Fola besser an der Partie, mee et war dës Kéier d’Jeunesse, déi kuerz virun der Paus duerch den Almeida an den Teixeira zwee Goler markéiere konnten. No der Paus hat d’Jeunesse de Match am Grëff an de Mogni huet an der 80. Minutt den Deckel op d’Partie drop gemaach.
Hesper huet sech an der 1.Hallschent géint Rouspert schwéier gedoen. De Stolz huet seng Faarwen a Féierung bruecht, mee d’Gäscht konnten no enger knapper hallwer Stonn duerch de Feltes ausgläichen. De Swift huet den Tempo duerno awer erhéicht an ass verdéngt duerch den Alioui nees vir komm. An der 2. Hallschent huet den Alioui an der 60. Minutt no engem Eelefmeter den 3:1 markéiert. Rouspert huet awer net opginn a koum duerch de Redekop nach emol op 2:3 erun. Um Enn sollt et awer bei der knapper Victoire fir Hesper bleiwen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Jeunesse - Fola 4:1
1:0 Arénate (9') , 1:1 Costa de Sousa (14'), 2:1 Almeida (42'), 3:1 Teixeira (45+2'), 4:1 Mogni (80')
Hesper - Rouspert 3:2
1:0 Stolz (10'), 1:1 Feltes (27'), 2:1 Alioui (39'), 3:1 Alioui (60', Eelefmeter), 3:2 Redekop (75')
F91 - RFCUL 2:0
1:0 E. Agovic (33'), 2:0 Hadji (44')
Miersch - Wolz 1:1
1:0 Bresch (45'), 1:1 Cavagnera (82')
Déifferdeng 03 - Monnerech 2:0
1:0 Bei (6'), 2:0 Costa Monteiro (89', Eelefmeter)
US Munneref - Käerjeng 5:3
0:1 Lopes (7'), 1:1 Abdelkadous (13'), 2:1 Gassama (21'), 2:2 Siebenaler (33'), 3:2 Gassama (37'), 3:3 Boutrif (52'), 4:3 Gassama (64'), 5:3 Kumbi (75')
Schëffleng - Progrès 2:0
1:0 Herr (54'), 2:0 Besic (82')
Péiteng - Strossen 2:2
1:0 Stumpf (35'), 2:0 Merk (45'), 2:1 Azong (67'), 2:2 Perez (90+4')
D‘Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticket)