Fir de Kont vum 12. Spilldag am nationale Futtball-Championnat huet d’Jeunesse den Escher Derby bei der Fola gewonnen. No 90 Minutte stoung et 3:1 fir d’Gäscht. No der aachter Néierlag an dëser Saison bleift d’Fola am Tabellekeller op enger Ofstigsplaz. De Match hat fir d’Lokalekipp nach gutt ugefaangen, dat duerch den 1:0 vum Jeridi an der 13. Minutt. An der 23. Minutt huet de Camarda dunn awer no engem Mëssverständnes mam Golkipp de Ball an den eegene Gol gesat a fir den 1:1 gesuergt. Nach virun der Paus konnt den Todorovic d’Jeunesse mat 2:1 a Féierung bréngen. An der 74. Minutt huet hien nach emol getraff a fir d'3:1-Schlussresultat gesuergt.
Am Duell ëm déi éischt Plaz an der Tabell huet Hesper d’Nues weider vir. De Swift huet sech mat 4:2 géint Käerjeng behaapt. D’Victoire war awer net ganz einfach, well d’Gäscht Hesper d’Liewe schwéier gemaach hunn. Nom 1:0 duerch den Delgado an der 27. Minutt haten déi Käerjenger an der 36. Minutt duerch de Fostier ausgeglach a waren duerch e weidere Gol nëmmen dräi Minutte méi spéit vum Lopes mat 2:1 a Féierung gaangen. No der Paus konnt de Swift d’Partie awer nees dréinen. No Goler vu Philippe an der 52. Minutt, dem Selbstgol vum Etoundi an der 66. Minutt an dem Stolz an der 80. Minutt wënnt een um Enn 4:2.
Duerch d’3:2-Victoire vun Diddeleng zu Monnerech huet Hesper weider 1 Punkt Avance an der Tabell op den F91. An enger Partie an där et ëmmer nees hin an hier gaangen ass, hu sech déi Diddelenger eréischt a leschter Sekonn déi dräi Punkte geséchert. Den Agovic huet an der Nospillzäit fir d'3:2-Victoire gesuergt.
Kloer war d’Resultat e Sonndeg tëscht Munneref a Rouspert. D’Victoria, déi virum Spilldag nach déi lescht an der Tabell war, huet no engem 6:1 déi dräi Punkte vu Munneref mat heem geholl. Dat dierft déi gréissten Iwwerraschung vum Spilldag gewiescht sinn. Schonn an der Paus stoung et 3:0 fir d’Gäscht. De Mann vum Match op Säite vu Rouspert war de Crowther mat dräi Goler. Ze erwänen ass och, datt déi Munnerefer mam Bourigeaud ee Mann mat Rout vum Terrain gesat kritt hunn. Bei Rouspert huet de Gaspar Rout gesinn an de Marques Giel-Rout.
Kloer war och de 4:1 vu Péiteng géint Hueschtert. Duerch déi dräi Punkte bleiwen déi Péitenger uewen an der Tabell mat drun. No Goler vu Gomes (2) an Abreu louch d’Lokalekipp an der Paus mat 3:0 am Avantage. Kuerz no der Paus hat den Touré fir d’Gäscht op 1:3 verkierzt, ma den Tekiela huet mam 4:1 an der 64. Minutt fir d’Schlussresultat gesuergt.
Keng Punkte gouf et nees fir Stroossen. D’Una huet mat 1:4 géint de Racing de Kierzere gezunn. RTL-Informatiounen no soll Stroossen mam Arno Bonvini een neien Trainer fonnt hunn.
An enger serréierter Partie mat ville Kaarten huet Déifferdeng sech mat 2:1 géint Wolz duerchgesat. D’Gäscht waren direkt mat der éischter Chance an der 3. Minutt duerch de Vaccaro a Féierung gaangen. Dem FCD03 ass et duerno awer gelongen, fir de Match ze dréinen. Fir d’éischt war et den Almeida, deen an der 16. Minutt ausgeglach huet an duerno huet den Ambrosio Simoes an der 74. Minutt den decisiven 2:1 geschoss.
Eng weider Néierlag an domadder schonn déi aachten an dëser Saison hunn déi Ettelbrécker e Sonndeg misse géint de Progrès Nidderkuer astiechen. Laang hat et no engem Punkt ausgesinn, ma dem Peugnet ass an der drëtter Minutt vun der Nospillzäit nach den 1:0 fir déi Nidderkuerer zu Ettelbréck gegléckt.