Verréckelt, lo ganz ofgesotDKV-UrbanTrail 2021 och dëst Joer nees annuléiert

RTL Lëtzebuerg
Den Urban Trail an der Stad muss nees ofgesot ginn, an dat scho fir dat zweet Joer hannerteneen.

D’Organisateuren hunn lo matgedeelt, datt et wéinst der aktueller sanitärer Situatioun schwéier wär eng Manifestatioun vun där Envergure op d’Been ze stellen. Den Urban Trail war scho vum 25. Abrëll op de 25 Juli verluecht ginn.

Déi nächst Editioun soll elo den 24. Abrëll d’nächst Joer sinn.

PDF: Schreiwes vun den Organisateuren

Back to Top
CIM LOGO