An der éischter Halleffinall ass d’Lëtzebuergerin Mandy Minella op d’Andrea Petkovic aus Däitschland getraff. D’Minella ass besser an de Match komm an huet et dem Petkovic bei hiren Opschléi schwéier gemaach. Der Lëtzebuergerin ass dunn och den eenzege Break vum Saz gelongen, soudass si dëse mat 6:4 gewanne konnt.
Deen zweete Saz huet d’Petkovic dunn dominéiert a souverän mat 6:2 fir sech decidéiert, woumat et an de Match-Tiebreak gaangen ass. Hei konnt d’Mandy Minella nach zwee Matchbäll ofwieren, um Enn huet si sech awer misse mat 9:11 geschloe ginn.
An der zweeter Halleffinall konnt d’Anett Kontaveit aus Estland sech an zwee Sätz (6:4, 6:3) géint d’Tschechin Lucie Safarova duerchsetzen.
Hei fannt Dir d’Fotoe vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters.
D’Finall tëscht dem Andrea Petkovic an dem Anett Kontaveit gëtt iwwerdeems um Sonndeg vu 14.30 Auer un um 1. RTL iwwerdroen, dat mam Kommentar vum Tim Hensgen a vum Gilles Kremer.