35. Nationale FuttballdagD'Nowuesstalenter hu sech an den Däichwise gutt ameséiert

RTL Lëtzebuerg
Et ass e feste Rendez-vous am Kalenner vun der FLF. Scho fir déi 35. Kéier gouf den nationale Futtballdag zu Ettelbréck organiséiert.
Mam nationale Futtballdag ass d'Enn vun der Saison agelaut ginn
Dësen Dag ass ëmmer een Highlight am Kalenner vun der FLF. 314 Ekippe waren dëst Joer zu Ettelbréck mat dobäi.

Et ass de leschte grousse Rendez-vous vun der Saison fir déi jonk Futtballspiller an de Spaass mam ronne Lieder ass hei virrangeg. De Gilles Tricca war beim leschten Highlight vun der Saison mat derbäi.

35. Nationale Futtballdag/Reportage Gilles Tricca

Ugemellt waren 314 Ekippen an deemno waren och méi wéi 3.000 Kanner iwwer de ganzen Dag verdeelt an den Däichwisen. Datt do eng enorm Organisatioun derhannert stécht, läit op der Hand. An och wann d’Resultater eigentlech bei dësem Event net wichteg sinn, muss de ganzen Oflaf vum Tournoi organiséiert sinn.

Bei de Meedercher gouf an 2 Kategorië gespillt, Fillettes a Jeunes Filles. Fir d‘Responsabel vun der Dammesektioun Carine Nardecchia ass et wichteg, datt d’Meedercher bei dësem Dag derbäi sinn.

Bei de Jonge gouf an de Kategorië Bambinis bis Minimes gespillt. Ënnert dem Stréch ass et wichteg, datt vill Jonker d’Freed um Futtball fannen. An och dës Editioun huet nees e Rekord geschloen. Net manner wéi 854 Matcher si gespillt ginn an 90 Arbittere waren am Asaz.

No all de Jore kritt een als Organisateur zwar eng gewësse Routine an awer stellt esou en Evenement eng grouss Erausfuerderung duer, well et gëtt net nëmmen um Terrain gekickt, mee och niewendru muss fir Animatioun gesuergt ginn. An dat huet dëst Joer och erëm geklappt.

Back to Top
CIM LOGO