
Dat ass eng Situatioun, déi et bis elo nach ni gouf. Normalerweis sinn nämlech allkéiers zwee Joer dertëschent
Dass dat esou ass, huet natierlech mat der Covid-Pandemie ze dinn. D’Situatioun ass dofir och fir den COSL bësse méi speziell. Fir Tokio ass d’Organisatioun op de Schinnen. A Japan goufen et schonns Visitten. Dat ass awer net de Fall fir Peking. Bis elo ass alles just online gelaf. Dat soll awer deemnächst nogeholl ginn, seet den Directeur Technique vum COSL Heinz Thews.
Mir hoffen ëmmer nach, dass mir Enn Februar op de Meeting vun de Chef de Mission op Peking kënne fléien. Soss wier et schonns eng schwéier Hypothéik, ouni op der Plaz gewiescht ze sinn, fir d’Spiller dann duerchzezéien an eis Athleten do ze ënnerstëtzen.
Véier Lëtzebuerger Athlete kënne sech Hoffnunge maachen, dat nächste Joer bei den Olympesche Wanterspiller mat dobäi ze sinn: Et sinn dat de Laangleefer Kari Peters, am Alpine-Schi de Matthieu Osch, am Skeleton de Jeff Bauer an am Short Track de Peter Murphy. Wann déi Véier d’Qualifikatioun géife packen, kéint et sinn, dass si awer net zesummen an deem selwechten Olympesche Duerf géife wunnen. Et ginn der a China nämlech Dräi. Eng Situatioun, déi een awer schonns aus der Vergaangenheet kennt
Dat ass een änlechen Setup, wéi mir en och schonns zu Sotschi haten. Distanze sinn allerdéngs nach e bësse méi wäit. Mat der entspriechender Schnellbunn ass awer alles gutt z’erreechen. Dat gesäit um Pabeier an op de Pläng alles ganz gutt aus, esou dass mir mat ganz vill Interessi a Freed där Saach entgéint ginn.
D’Olympesch Wanterspiller fänken de 4. Februar dat nächste Joer un an daueren bis den 20. Februar.
[commments]