BundesligaDortmund notzt Bayern-Defaite an ass neie Leader

RTL Lëtzebuerg
Duerch eng souverän 4:0-Victoire ass Dortmund elo op Plaz 1 an der Tabell. D'Ofstigskandidaten Hoffenheim, Bochum an Hertha hunn dogéint alleguer verluer.
© AFP

Mainz huet doheem no 0:1-Réckstand mat 3:1 géint Bayern gewonnen. Bayern huet sech an den éischten 20 Minutten zu Mainz schwéier gedoen. Op der anerer Säit war et de Lëtzebuerger Barreiro, deen zwou gutt Chancen hannertenee fir d’Heemekipp hat. Kuerz drop huet de Mané no engem Golkippsfeeler den 1:0 fir de Favorit markéiert. Nom Säitewiessel huet Mainz gutt dogéint gehalen an d’Gäscht hate kaum geféierlech Amenter am Mainzer Strofraum. Sou war et net iwwerraschend, datt den Ajorque an der 65. Minutt ausgeglach huet. D’Gäscht ware komplett veronséchert an de Barreiro huet no engem flotten Ugrëff de Match komplett gedréint. Kuerz drop huet den Aaron mam 3. Gol den Deckel op de Match drop gemaach.

Ënnenof konnt d’Hertha Berlin och mam neien Trainer Pal Dardai keen Erfolleg feieren. Géint Bremen gouf et eng 2:4-Defaite. De Marvin Ducksch hat d’Gäscht an der Ufanksphas mat 1:0 vir bruecht. De selwechte Spiller huet och den 2. Gol fir Bremen an der 27. Minutt geschoss. Och no der Paus hat den Ducksch weiderhi Loscht op Goler an huet an der 51. Minutt de Ball fir drëtte Kéier am Filet ënnerbruecht. Nom 4:0 duerch de Weiser huet Berlin reagéiert an duerch den Ngankam verkierzt. Den 2:4 huet de Lukebakio per Eelefmeter markéiert.

Hoffenheim konnt vun der Berliner Néierlag net profitéieren an huet 1:3 géint Köln verluer. D’Goler fir d’Gäscht hunn de Kainz no engem Eelefmeter, de Selke an den Thielmann markéiert. Den Dolberg huet zwar nach verkierzt, de Gol koum awer ze spéit, fir nach eppes un der Néierlag ze änneren. Nom Match huet de Kölner Trainer Steffen Baumgart matgedeelt, datt de Kapitän Jonas Hector um Enn vun der Saison ophält mam Futtball.

Bochum huet doheem mat 1:5 géint Wolfsburg de Kierzere gezunn. No Goler vu Svanberg a Kaminski war Wolfsburg no 20 Minutte schonns mat 2:0 a Féierung. Fir den 3:0 an de 4:0 hunn de Wimmer a nach emol de Svanberg gesuergt. An der Suite konnt de Broschinski fir d’Heemekipp verkierzen, mee de Waldschmidt huet mat sengem Gol fir d’Endresultat gesuergt.

Am Owesmatch huet Dortmund souverän mat 4:0 géint Frankfurt gewonnen. No de Goler vum Bellingham, Malen an Hummels war de BVB an der Paus schonns mat 3:0 vir. De Malen huet mat sengem zweete Gol d’Schlussresultat hiergestallt. Dortmund läit an der Tabell elo 1 Punkt virun de Bayern an ass neien Tabelleleader.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO