BundesligaDortmund réckelt no Victoire méi no u Bayern erun

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet Gladbach géint Fürth gewonnen. Um Samschdeg den Owend gouf et eng kloer Victoire fir Union Berlin am Derby géint d'Hertha.
© AFP

Um Samschdeg gouf den 12. Spilldag an der däitscher Bundesliga gespillt.

No der iwwerraschender 2:1-Néierlag vu Bayern géint Augsburg wollt Dortmund de Retard an der Tabell verkierzen. Géint de VFB Stuttgart hunn d’Borusse sech laang schwéier gedoen, um Enn awer mat 2:1 gewonnen. D’Ekipp vum Rose hat an der éischter Hallschent däitlech méi Ballbesëtz wéi hire Géigner, konnt sech awer keng gutt Golchancen erausspillen. Et waren d’Gäscht déi no 38 Minutten den éischte Gol hätte markéiere kënnen, mee de Kobel hat gutt paréiert. No der Paus huet de Malen den 1:0 fir seng Faarwe geschoss. Stuttgart huet weider no vir gespillt an huet an der 63. Minutt duerch de Massimo ausgeglach. An der Schlussphas konnt de Reus mat sengem Gol fir d'2:1-Endresultat suergen.

Beim Match Hoffenheim géint RB Leipzig gouf et eng 2:0-Victoire fir d’Heemekipp. Hoffenheim huet ganz gutt an de Match fonnt an ass duerch de Samassékou an der 12. Minutt a Féierung gaangen. Leipzig konnt net un déi gutt Leeschtung aus dem leschte Match géint Dortmund uknäppen an huet Hoffenheim ze vill Fräiheeten um Terrain gelooss. Nom Säitewiessel stoung Hoffenheim kompakt an der Ofwier an huet sech ëmmer nees Golchancen erausgespillt. Nom 2:0 duerch den Dabbur konnten d’Gäscht net méi reagéieren.

En 2:2-Remis gouf et an enger animéierter Partie tëschent Bielefeld an dem VfL Wolfsburg. Gladbach huet sech doheem kloer mat 4:0 géint Fürth duerchgesat.

Leverkusen huet iwwerdeems eng wichteg Victoire am Kampf ëm d’Champions-League-Plaze gefeiert. Duerch e Gol vum Adli (4') konnt ee sech knapp mat 1:0 géint Bochum behaapten.

Um Samschdeg den Owend gouf et nach eng 2:0-Victoire fir Union Berlin am Derby géint d’Hertha. D’Heemekipp ass mat vill Schwong aus de Kabinne komm an huet an den éischten 30 Minutten zwee Goler markéiert. Den Awoniyi an den Trimmel hate fir hir Faarwe getraff. Hertha krut kuerz virun der Paus e Gol oferkannt, konnt offensiv awer net mam Géigner mathalen. No der Paus gouf et nach eng Rei Golchancë fir Union, um 2:0-Schlussresultat sollt sech awer näischt méi änneren.

An den aneren Top-Ligen an Europa ass um Samschdeg och gespillt ginn.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO