
Fir d’éischt de Corona-Chaos ëm de Joshua Kimmich an dunn och nach ee Réckschlag an der Course ëm den Titel an der Bundesliga. Den FC Bayern München huet e Freideg den Owend no enger turbulenter Lännermatch-Paus mat 1:2 (1:2) géint Augsburg de Kierzere gezunn. Duerch dës Néierlag kann Dortmund e Samschdeg de Réckstand op den FCB op ee Punkt verkierzen.
De Mads Pedersen hat Augsburg an der 23. Minutt iwwerraschend a Féierung bruecht. An der 35. hat den Andre Hahn souguer op 2:0 erhéicht. Nach virun der Paus hat de Robert Lewandowski (38.) mat sengem 14. Gol an dëser Saison op 1:2 verkierzt.
Trotz däitlecher Iwwerleeënheet huet d’Ekipp vum Julian Nagelsmann déi fënneft Victoire an der Bundesliga noenee verpasst. Augsburg konnt mat enger aggressiver wéi engagéierter Leeschtung de Virsprong iwwert d’Zäit bréngen a feiert domadder déi éischt Victoire zanter iwwer 6 Joer géint déi Münchener.
Bei Bayern hunn de Kimmich (Quarantän), den Niklas Süle, de Josip Stanisic (béid Corona positiv) an de Kingsley Coman (ugeschloen) gefeelt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der BundesligaA Frankräich war et den Owend de Optakt vum 14. Spilldag an der Ligue 1. Monaco a Lille hu sech bei engem 2:2 d’Punkte gedeelt. De franséische Champion war an der 5. an an der 9. Minutt duerch Goler vum David mat 2:0 a Féierung gaangen. An der 41. Minutt hat den Diatta fir Monaco verkierzt. D’Lokalekipp, déi vun der 78. Minutt duerch eng giel-rout Kaart vum Pavlovic an Ënnerzuel war, konnt sech duerch e Gol vum Ben Yedder (83.) nach ee Punkt sécheren.