
Leicester City - FC Chelsea 0:3
0:1 Rüdiger (14'), 0:2 Kanté (28'), 0:3 Pulisic (71')
Chelsea huet vun Ufank u géint Leicester dominéiert an ass duerch e wonnerbare Kappball vum Rüdiger a Féierung gaangen. D’Heemekipp koum guer net an de Match an huet den Terrain komplett dem Géigner iwwerlooss. No enger schéiner Kombinatioun huet de Kanté virun der Paus op 2:0 erhéicht. An der zweeter Hallschent huet den Tabelleleader de Match geréiert a konnt e weidere Gol markéieren. Um Enn huet sech den Tabelleleader mat 3:0 zu Leicester duerchgesat.
FC Watford - Manchester United 4:1
1:0 King (28'), 2:0 Sarr (44'), 2:1 van de Beeck (50'), 3:1 Pedro (90+2'), 4:1 Dennis (90+6')
Manchester United ass nervös an de Match zu Watford gestart. Den De Gea huet seng Ekipp mat zwee gehalenen Eelefmeter an den éischte Minutten awer am Spill gehalen. Trotzdeem huet Watford net labber gelooss a konnt virun der Paus zwee Goler markéieren. No der Paus huet ManUnited besser gespillt an de van de Beeck konnt den 2:1 markéieren. No enger giel-rouder Kaart fir de Maguire ass de Gäscht awer näischt méi agefall. Watford huet an der Nospillzäit nach zweemol getraff a konnt sech kloer mat 4:1 behaapten. Fir den Trainer Ole Gunnar Solksjaer gëtt et no der Defaite ëmmer méi enk.
Liverpool - Arsenal 4:0
1:0 Mané (40'), 2:0 Jota (52'), 3:0 Salah (74'), 4:0 Minamino (77')
Arsenal hat säit Ufank September kee Match méi verluer an ass mat voller Confiance an dës Partie eragaangen. No enger intensiver Ufanksphas, déi ausgeglach war, ass Liverpool ëmmer besser an de Match komm. Fir den 1:0 huet de Mané kuerz virun der Paus gesuergt. Vun dësem Réckschlag hunn d’Gäscht sech net erholl an hate géint déi staark Ekipp vum Jürgen Klopp näischt méi dogéint ze setzen. Mat dräi weidere Goler an der 2. Hallschent huet Liverpool dem Géigner keng Chance gelooss. Um Enn huet Liverpool verdéngt mat 4:0 gewonnen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Atalanta Bergamo - Spezia Calcio 5:2
0:1 Nzola (11'), 1:1 Pasalic (18'), 2:1 Zapata (38', Eelefmeter), 3:1 Pasalic (41'), 4:1 Muriel (83'), 5:1 Malinovsky (89'), 5:2 Nzola (90+1')
Lazio - Juventus 0:2
0:1 Bonucci (23', Eelefmeter), 0:2 Bonucci (83', Eelefmeter)
Juventus stoung am Stadio Olimpico virum Match ënner Drock a sinn op Lazio getraff. D’Ekipp vum Sarri hat säit 19 Matcher doheem net méi verluer. D’Heemekipp konnt awer net un déi gutt Leeschtung aus deenen aneren Heemmatcher uknäppen a sinn duerch en Eelefmeter mat engem 0:1-Réckstand an d’Paus gaangen. Och an der 2. Hallschent ass bei Lazio Roum offensiv näischt zesummegelaf an de Bonucci huet mat sengem zweeten Eelefmeter de Match an der Schlussphas entscheet. An der Tabell ass Juventus duerch des 2:0-Victoire elo punktgläich mat Lazio.
AC Florenz - AC Mailand 4:3
1:0 Duncan (15'), 2:0 Saponara (45+1'), 3:0 Vlahovic (60'), 3:1 Ibrahimovic (62'), 3:2 Ibrahimovic (67'), 4:2 Vlahovic (85'), 4:3 Venuti (90+6')
Den AC Mailand huet déi éischt Néierlag vun der Saison am italienesche Championnat kasséiert. Mat 3:4 huet ee beim AC Florenz de Kierzere gezunn. An der provisorescher Tabell bleift Mailand punktgläich mam Leader Neapel. Neapel ass deen eenzege Veräin an den europäeschen Top-5-Ligen, deen nach ongeschloen ass.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
PSG - Nantes 3:1
1:0 Mbappé (2'), 1:1 Kolo Muani (76'), 2:1 Appiah (82', Selbstgol), 3:1 Messi (87')
A Frankräich huet de Superstar Mbappé fréi fir den 1:0 fir de PSG gesuergt. D’Heemekipp huet dono keen Offensivspektakel gebueden, hat Nantes awer am Grëff. An der zweeter Hallschent krut de Golkipp vu Paräis, de Keylor Navas, d’rout Kaart gewisen. De Match war dono méi animéiert an d’Gäscht konnten duerch de Muani ausgläichen. D’Heemekipp ass awer dru bliwwen a konnt duerch e Selbstgol vum Appiah erëm a Féierung goen. Den Deckel op d’Partie huet de Lionel Messi mat sengem éischte Gol an der Ligue 1 gemaach. Duerch des 3:1-Victoire bleift Paräis souverän un der Tabellespëtzt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Sevilla - Deportivo Alavés 2:2
0:1 Laguardia (5'), 1:1 Ocampos (38'), 1:2 Joselu (45+7', Eelefmeter), 2:2 Rakitic (90+2')
Duerch den 2:2-Remis géint Alavés konnt Sevilla a Spuenien un d’Spëtzt vun der Tabell kloteren. Alavés huet de Géigner an enger éischter Phas ënner Drock gesat a konnt séier den 1:0 markéieren. Sevilla huet sech net aus der Rou brénge gelooss a konnt an der 38. Minutt ausgläichen. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent kruten d’Gäscht en Eelefmeter gepaff, deen de Joselu eragesat huet. No der Paus hat Sevilla méi vu Match, huet awer misse bis an d’Nospillzäit waarden, éier de Rakitic fir den 2:2 gesuergt huet.
Atlético Madrid - Osasuna 1:0
1:0 Felipe (87')
Duerch e Gol kuerz viru Schluss vum Felipe huet sech Atlético géint Osasuna duerchgesat. Béid Ekippen hu probéiert an der Ofwier sécher ze stoen an hu kaum Golchancen zougelooss. Mat engem 0:0 ass et an d’Paus gaangen. Atlético ass no der Paus lues a lues méi geféierlech virun de Gol komm. No Chancë vu Griezmann a Carrasco war et de Felipe, deen no engem Corner de Ball an de Filet gekäppt huet. D’Heemekipp bleift domadder am Spëtzegrupp vun der Tabell.
FC Barcelona - Espanyol Barcelona 1:0
1:0 Depay (48', Eelefmeter)
De Xavi huet mat Barca e knappen an um Enn och schmeechelhaften 1:0-Succès am Derby géint Espanyol gefeiert. Domadder ass d’Première an engem offizielle Match fir den neie Barca-Trainer gelongen. Barcelona hat de Match iwwer wäit Strecken ënner Kontroll, ma huet verpasst, fir nom 1:0 vum Depay an der 48. Minutt e weidere Gol ze markéieren. An der Schlussphas hat Espanyol e puer ganz gutt Chancen an huet ënnert anerem och de Potto getraff. Um Enn ass et awer beim 1:0 bliwwen.