Nodeems d’Ultraschwëmmerin Paule Kremer schonns duerch den Äermelkanal an de Catalina Channel geschwommen ass, ass si elo zu New York ronderëm Manhattan geschwommen.
Domadder ass si elo am Club vun de sougenannten “Triple Crown of Open Water Swimming”.
Fir déi ronn 40 Kilometer, wou et ënnert den 20 Brécken erduerch gaangen ass, déi Manhattan mam Rescht vun New York verbannen, huet d’Paule Kremer 8 Stonnen* an 13 Minutte gebraucht, ouni sech eng eenzeg Kéiere iergendwou unzepaken.
Mam Ralph Diseviscourt war déi lescht Deeg e weidere Lëtzebuerger Ultrasportler ënnerwee, dat awer um Vëlo. Hien huet den Tour des Stations an der Schwäiz gewonnen.
*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung iertemlecherweis 18 Stonnen.