Fir déi éischte Kéier iwwerhaapt ass de Ralph Diseviscourt un den Depart vun enger Course gaangen, wou hien ouni Assistance gefuer ass.

Dat heescht: Hien huet säi Gepäck selwer mussen um Vëlo transportéieren an och an der Navigatioun war hien op sech selwer ugewisen.

No 1.000 Kilometer, 25 Collen a ronn 26.000 Héichtemeter huet hie sech bei der Tour des Stations an der Schwäiz géint de Fransous Victor Richard behaapt. Fir déi ganz Streck huet hie ronn 58 Stonne gebraucht, wat eng Moyenne vu ronn 17 Kilometer an der Stonn ass. De Victor Richard war ronn 2 Stonne méi lues wéi den Dizzy.

Am RTL-Interview erzielt den Ultracycliste, wéi hien déi 1.000 Kilometer erlieft huet.

De Ralph Diseviscourt um Mikro vum Rich Simon