EM-QualifikatiounD'Ukrain an England trenne sech 1:1, d'Belsch wënnt am Aserbaidjan

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg stoung an de Gruppen C, F an I de 5. Spilldag vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2024 um Programm.
© AFP

Grupp C

Ukrain - England 1:1
1:0 Zinchenko (26'), 1:1 Walker (41')

Nordmazedonien - Italien 1:1
0:1 Immobile (47'), 1:1 Bardhi (81')

Um 5. Spilldag huet England géint d’Ukrain fir déi éischt Kéier Punkte leie gelooss, bleift awer souverän un der Tabellespëtzt. D’Ukrain läit mat 7 Punkten no 4 Matcher op der zweeter Plaz. Italien ass weiderhin Drëtten, dat mat 4 Punkten aus 3 Matcher a soumat punktgläich mat Nordmazedonien, iwwerdeems Malta ouni Punkt bleift.

Grupp F

Aserbaidjan - Belsch 0:1
0:1 Carrasco (38')

Estland - Schweden 0:5
0:1 Gyökeres (18'), 0:2 Kulusevski (24'), 0:3 Isak (39'), 0:4 Quaison (75'), 0:5 Claesson (90+2')

D’Belsch huet zwar am Aserbaidschan net geglänzt, ma d’"Diables rouges” konnten awer déi wichteg 3 Punkte mathuelen. Schweden huet sech iwwerdeems ganz souverän an Estland duerchgesat. D’Belsch steet domat elo punktgläich mat Éisträich op Plaz 1 an der Tabell, Schweden läit mat 6 Punkten op der drëtter Plaz. Estland an Aserbaidschan sti mat engem Punkt aus 4 Matcher op de leschte Plazen an der Tabell.

Grupp I

Kosovo - Schwäiz 2:2
0:1 Freuler (14'), 1:1 Muriqi (65'), 1:2 Rrahmani (79', Selbstgol), 2:2 Muriqi (90+4')

Rumänien - Israel 1:1
1:0 Alibec (27'), 1:1 Gloukh (53')

Andorra - Belarus 0:0

Nom Gläichspill am Kosovo bleift d’Schwäiz mat 11 Punkten un der Spëtzt. Rumänien läit mat 9 Punkten op der zweeter Plaz, wärend Israel mat engem Punkt manner op Plaz 3 ass. Belarus an de Kosovo beleeë mat 4 Punkten aus 5 Matcher d’Plaze 4 a 5, wärend Andorra mat 2 Punkte Leschte bleift.

Back to Top
CIM LOGO