FuttballD'US Munneref an den Trainer David Zitelli gi getrennte Weeër
RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg den Owend huet de Veräi matgedeelt, dass den David Zitelli ophält. Successeur gëtt de Manuel Correia.
Update: 30.05.2022 23:01
Aus dem nationale Futtball ass et d’Nouvelle, datt den David Zitelli net méi Trainer vu Munneref ass. De 46 Joer ale Manuel Correia iwwerhëlt. Hien hat fir d’lescht Stroossen trainéiert an der Saison 2020.