Top Secret: ThillebiergE ganz perséinlechen Temoignage iwwert de legendäre Red-Boys-Terrain

RTL Lëtzebuerg
Virun 100 Joer hunn d'Minnenaarbechter zu Déifferdeng um Terrain vun der Stolindustrie hire Stadion opgeriicht.
Top Secret: Thillebierg
E fréiere Red-Boys-Spiller huet eis mat op “säin Terrain” geholl. De René Muller hat 40 Joer berufflech a privat mam Thillebierg ze dinn.

De 24 Mee 1922 gouf de Stade du Thillenberg ageweit. Onzieleg a spektakulär Matcher sinn op deem legendäre Fussballterrain matten am Grénge gespillt ginn, viru bis zu 8.000 Leit. Heiansdo wuel nach méi, well hei goufen dacks Titele gewonnen a verdeedegt. 16 Mol goung d’Coupe a 6 Mol de Meeschtertitel un d’Red Boys. Hiren authenteschen an eenzegaartege fréieren Terrain stécht donieft och duerch seng sozial Geschicht an och architektonesch eraus.

Eng schéinen Tribün,sou eng gëtt et nëmmen emol zu Lëtzebuerg!” René Muller, fréiere Mëttelfeldspiller

FOTOGALERIEZenter 2018 ass de al Tribün ënner Denkmalschutz gestallt, éiert d’Restauratioun vum historeschen Terrain ufänkt, krute mir am Kader vun der Top-Secret-Emissioun vill Anekdote vum René Müller verzielt. 40 Joer huet hie berufflech a privat mam Terrain ze di gehat.

Back to Top
CIM LOGO