
Um Donneschdegowend am Match tëscht Al Wahda an Al-Nassr, bei deem och de Lëtzebuerger Gerson Rodrigues um Terrain stoung,https://www.rtl.lu/sport/news/a/2028689.htmlhuet de portugisesche Spiller direkt 4 Mol getraff an huet als Profi elo 503 Goaler fir verschidde Veräiner geschoss.
De Ronaldo ass domat ee vun de wéinege Spiller, dee méi wei 500 Goler konnt markéieren. Nom Match vun en Donneschdeg den Owend steet hie bei 503 Goler. Dorënner ënnert anerem 311 fir Real Madrid, 81 fir Juventus an 103 bei Manchester United.
De Lionel Messi huet den Ament 490 Goaler op sengem Kont, och hien dierft an noer Zukunft de Seuil vu 500 knacken.
An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, datt de Ronaldo deen éischte Spiller wier, deen des magesch Mark gerass huet, ma och de Pélé huet 538 Goaler a senger Karriär fir den FC Santos an d’New York Cosmos geschoss.