De Mica Pinto huet mat Sparta Rotterdam och gewonnen. iwerdeems souz den Enes Mahmutovic bei ZSKA Sofia 90 Minutten iwwer op der Bänk.

An Éisträich huet Austria Wien 3:1 géint Klagenfurt gewonnen. De Lëtzebuerger Marvin Martins stoung bei de Violetten déi 90 Minutten iwwer um Terrain. Austria huet domat Klagenfurt an der Tabell iwwerholl a steet elo mat 23 Punkten op der 6. Plaz.

Den Tim Hall huet an Ungarn an der OTP Bank Liga mat Ijpest 1:0 géint Vasas Budapest gewonnen. Den Tim Hall huet de ganze Match iwwer gespillt.

Um Sonndeg war de Mica Pinto an Holland mat Sparta Rotterdam doheem géint G.A. Eagles am Asaz. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller, deen an der 62. Minutt fir de Meijers ausgewiesselt gouf, ass an der 4. Minutt a Féierung gaangen. Nom Ausgläich konnt de Lauritsten an der 58. Minutt fir Rotterdam den entscheedende Gol markéieren. Sparta Rotterdam steet aktuell op der 6. Plaz an der Tabell.

An Bulgarien ass den Enes Mahmutovic bei der 4:1-Victoire vun ZSKA Sofia bei Beroe fir Sofia net zum Asaz komm. ZSKA steet elo mat 47 Punkten nees op der 1. Plaz an der Tabell, e Punkt virum Ludogorez Rasgrad.

Samschdeg

Bei der 3:1-Victoire vu Mainz géint Augsburg stoung de Leandro Barreiro 90 Minutten um Terrain an huet den 2:0 vum Onisiwo virbereet. Mainz steet elo am gesécherte Mëttelfeld an huet eng zolidd Avance op d'Ofstigsplazen.

Fir den Eric Veiga a Vilafranquense ass et um 20. Spilldag vun der zweeter portugisescher Liga net gutt gelaf. Si verléieren doheem mat 0:1 géint de Tabellesiwwenzéngten Trofense an domat och wichteg Punkten am Kampf ëm den Opstig.

Am zweete Match vum Danel Sinani mat sengem neie Veräin Wigan Athletic gouf et eng 1:0-Victoire. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun a gouf no 59 Minutten ausgewiesselt. Den decisive Gol fir Wigan sollt eréischt kuerz viru Schluss falen. Mat dëser Victoire spréngt Wigan vun der leschter Plaz op Plaz 22 a konnt déi éischt Victoire zënter November zejoert feieren.

An der franséischer Ligue 2 huet Bastia um 23. Spilldag mat 0:1 géint den direkte Kontrahent Quevilly de Kierze gezunn. De Florian Bohnert huet de Match op der Bänk ugefaangen a gouf an der 62. Minutt agewiesselt, konnt d'Néierlag awer net méi verhënneren.

Freideg

An der zweeter Bundesliga war Hansa Rostock och ouni de Sébastien Thill erfollegräich. Den eenzege Gol am Match géint Arminia Bielefeld huet de Fröde an der 52. Minutt geschoss.

Bei Waldhof Mannheim eng Liga méi déif stoung de Laurent Jans 90 Minutten iwwer um Feld. De Lëtzebuerger Nationalspiller konnt d'1:2-Defaite vu senge Mannheimer awer net verhënneren. Fir Aue haten den Sijaric (20') an den Jonjic (40') getraff, no der Paus hat e Selbstgol vum Majetschak (49') d'Mannheimer nees bäibruecht.

Den zweeten Thill, deen e Freideg am Asaz war, stoung an der Startformatioun vum AIK Stockholm, wéi déi am Atlantic Cup géint den FC Kopenhagen gespillt hunn. De Vincent Thill gouf an der Paus beim Stand vun 0:0 ausgewiesselt, Kopenhagen huet dono de Match 2:1 duerch Goler vum Haraldsson (50') an Vavro (73') gewonnen. Fir Stockholm hat den Faraj an der Nospillzäit vum Punkt getraff.

An der héchster belscher Divisioun war den Anthony Moris tëscht de Pottoe vun der Union Saint Gilloise am Asaz, dat beim 1:1 bei Bruges. No 24 Minutte waren d'Gäscht duerch de Lapoussin a Féierung gaangen, de Vanakan hat kuerz virun der Paus den Ausgläich geschoss.

Donneschdeg

De Cristiano Ronaldo huet 4 Goler fir säi Veräin Al-Nassr geschoss. De Lëtzebuerger Gerson Rodrigues gouf no 74 Minutten ausgewiesselt.

An der Paus stoung et 2:0 fir d'Gäscht an no der Paus konnt de Ronaldo op Eelefmeter eng weider Kéier markéieren. No 61 Minutten huet de Portugis mat sengem 4. perséinleche Gol fir d'Schlussresultat gesuergt. No dësem Match steet Al-Nassr an der Tabell mat 37 Punkten op der éischter Plaz.

Al Wahda huet 15 Punkte a steet op Positioun 13. Am Ganze spille 16 Ekippe an der Saudi Professional League.

De Seid Korac stoung fir de schwedesche Veräin Degerfors IF um Terrain an do gouf et eng 0:1-Defaite géint Gais Göteborg.

Eriwwer an Ungarn. Do huet den Tim Hall mat Újpest misse géint Puskás Akadémia FC untrieden, woubäi de Lëtzebuerger an der 66. Minutt giel krut. De Match ass 0:0 an d'Verlängerung gaangen an eréischt mam Eelefmeterschéisse konnt sech um Enn Puskás Akadémia 1:0 duerchsetzen.