Mat fréierem Diddelenger TrainerEintracht Frankfurt an der Gruppephas vun der Conference League

RTL Lëtzebuerg
No enger 2:0-Vicoire géint Lewski Sofia am eegene Stadion huet Eintracht Frankfurt sech fir d'Gruppephas vun der Conference League qualifizéiert.
© ARNE DEDERT DPA dpa Picture-Alliance via AFP

Den Jessic Ngankam (79.) an den Ellyes Skhiri (86.) hate fir Frankfurt beim Retourmatch géint d’Ekipp aus Bulgarien getraff. No engem 1:1 am Allersmatch steet d’Eintracht domat an der Gruppephas vun der UEFA Conference League.

Trainer vun de Frankfurter ass den Dino Topmöller. De Bouf vum Klaus Topmöller war vun 2016 bis 2019 Trainer vum F91 Diddeleng an hat sech an der Saison 2018/19 mat der Ekipp aus der Forge du Sud fir d’Gruppephas vun der Europa League qualifizéiert.

Back to Top
CIM LOGO