
E Sonndeg waren och nees Lëtzebuerger am Ausland am Asaz.
Fürth - Union Berlin 1:0
1:0 Nielsen (56')
Fürth huet sech um 15. Spilldag déi éischt Victoire vun der Saison geséchert. Schonn an der éischter Hallschent hu sech d’Haushäre gutt geschloen, wat nom Säitewiessel dann och belount gemaach huet. Dem Nielsen säi Gol an der 56. Minutt ass um Enn duergaangen, fir sech géint en éischter schwaacht Union Berlin déi dräi Punkten ze sécheren.
Frankfurt - Leverkusen 5:2
0:1 Schick (5'), 0:2 Schick (22'), 1:2 Tuta (23'), 2:2 Lindström (30'), 3:2 Nidcka (50'), 4:2 Jakic (66'), 5:2 Sow (76')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Leicester - Newcastle 4:0
1:0 Tielemans (38'), 2:0 Daka (57'), 3:0 Tielemans (81'), 4:0 Maddison (85')
Am Kampf géint den Ofstig huet Newcastle eng weider batter Defaite missen astiechen. Dobäi war déi kloer Victoire vu Leicester net sou kloer um Terrain ze gesinn. D’Gäscht haten nieft dem Ballbesëtz och méi Golschëss, um Enn ass et awer ouni Punkten nees Heem gaangen.
Palace - Everton 3:1
1:0 Gallagher (41'), 2:0 Tomkins (62'), 2:1 Rondon (70'), 3:1 Gallagher (90+3')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Hellas - Bergamo 1:2
1:0 Simeone (22'), 1:1 Miranchuk (37'), 1:2 Koopmeiners (62')
Sassuolo - Lazio Roum (18.00 Auer)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Lille - Lyon 0:0
Stroossbuerg - Marseille 0:2
0:1 Dieng (62'), 0:2 Caleta-Car (82')
Marseille huet sech um 18. Spilldag zu Stroossbuerg mat 2:0 duerchgesat. No enger Hallschent ouni Goler ass Marseille an der 62. Minutt am Numm vum Dieng a Féierung gaangen. Den zweete Gol duerch de Caleta-Car kuerz viru Schluss huet fir Marseille den Deckel drop gemaach.
PSG - Monaco (20.45 Auer)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Osasuna - Barcelona 2:2
0.1 Nico (12'), 1:1 David Garcia (14'), 1:2 Abde (49'), 2:2 Chimy Avila (86')
Barcelona ass géint Osasuna net iwwert en 2:2 erauskomm. Zwar sinn d’Katalanen zwee Mol a Féierung gaangen, ma d’Haushäre konnten zwee Mol ausgläichen a sech um Enn ee Punkt sécheren.