Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDirk Carlson zitt mat Aue géint Dresden de Kierzeren

RTL Lëtzebuerg
Donieft gouf et fir den Eric Veiga a Portugal dräi wichteg Punkten. De Christopher Martins an den Gerson Rodrigues stoungen net am Kader.

Sonndeg

Fir den Dirk Carlson ass et um leschte Spilldag virun der kuerzer Wanterpaus an der 2. Bundesliga eng Defaite ginn. Erzgebirge Aue verléiert mam Lëtzebuerger an der Starteelef mat 0:1 géint Dynamo Dresden a muss sou déi drëtt Néierlag hannerteneen astiechen.

An der zweeter portugisescher Liga ass et fir den Eric Veiga eng wichteg Victoire am Kampf géint den Ofstig ginn. Den UD Vilafranquense huet sech mat 2:1 géint Porto B behaapt a klëmmt an der Tabell domat op déi 14. Plaz.

De Christopher Martins stoung bei der 4:3-Victoire vun de Young Boys géint den FC Sion net am Kader. Och den Gerson Rodrigues ass bei der 0:1-Defaite vun Troyes géint Bordeaux an der Ligue 1 net zum Asaz komm.

Fir den Anthony Moris gouf et mat Saint-Gilloise eng 2:0-Victoire géint de KV Mechelen. Duerch d’Defaite vu Royal Antwerpen vergréissert sech de Virsprong un der Tabellespëtzt op 7 Punkten.

No senger laanger Verletzungspaus stoung de Marvin Martins nees bei Austria Wien an der Starteelef. Am Match géint de LASK gouf et um Enn allerdéngs eng 2:3-Néierlag.

Samschdeg

An den USA ass e Samschdeg den Owend d’Finall an der Major League Soccer gespillt ginn. Géintiwwer stounge sech d’Portland Timbers an den New York City FC mam Maxime Chanot. Mat 4:2 am Eelefmeterschéissen huet sech den New York City FC um Enn duerchgesat a konnt sech iwwert säin éischten Titel an der MLS freeën.

New York City war an der 41. Minutt duerch de Castellanos mat 1:0 a Féierung gaangen. Laang huet et duerno no enger Victoire ausgesinn. An der 4. Minutt vun der Nospillzäit ass dunn awer Portland den 1:1 gegléckt. Well an der Verlängerung kenger Ekipp e weidere Gol gelongen ass, ass d’Decisioun am Eelefmeterschéisse gefall. Hei hat New York City déi besser Nerven. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung de komplette Match um Terrain.

Fir den New York City FC war et déi éischte Kéier, datt een an der Finall stoung. De Portland Timbers war dat ënnert anerem schonn 2015 gelongen, deemools hat een och den Titel gewonnen.

An der däitscher Bundesliga huet sech Mainz mam Leandro Barreiro misse knapp mat 1:2 auswäerts bei Bayern München geschloe ginn. De Lëtzebuerger stoung vun Ufank un um Terrain a gouf an der 82. Minutt ausgewiesselt. Mainz steet trotz dëser Defaite weiderhin op enger gudder 8. Plaz an der Tabell.

An der 1. moldawescher Liga hat Sheriff mam Sébastien Thill doheem beim 4:0 keng Problemer géint Zimbru Chisinau a steet elo mat 2 Matcher manner wéi den 2. op der éischter Plaz an der Tabell. Den Thill huet an der 35. Minutt duerch een Eelefmeter den 2:0 fir seng Ekipp geschoss, krut an der 53. Minutt déi giel Kaart gewisen a gouf no 76 Minutten ausgewiesselt.

Am hollännesche Championnat huet Sparta Rotterdam beim SC Heerenveen 0:0 gespillt. De Mica Pinto stoung an der Startformatioun an ass an der 79. Minutt ausgewiesselt ginn, wärend de Laurent Jans no 73 Spillminutten agewiesselt ginn ass.

Den 1. FC Saarbrécken ass weiderhi gutt a Form an huet elo no der 1:0-Victoire géint déi zweet Ekipp vu Freiburg seng lescht 4 Matcher an der 3. däitscher Liga gewonnen. De Maurice Deville op Säite vu Saarbrécken ass an der 73. Minutt agewiesselt ginn.

Op Zypern huet Achnas eng ganz wichteg Victoire am Ofstigskampf gefeiert. Zwar läit d’Ekipp vum Tim Hall, deen an der 63. Minutt ausgewiesselt ginn ass, nach ëmmer op der leschter Plaz, si konnt awer duerch d'2:0-Victoire beim direkte Konkurrent PAEEK Buedem guttmaachen.

Fir Worskla Poltawa gouf et an der ukrainescher 1. Liga een 1:1-Remis beim den FC Lviv. Wärend den Oli Thill dee ganze Match duerchgespillt huet, stoung säi Brudder Vincent Thill weiderhin net am Kader. Den Enes Mahmutovic huet Lviv wéinst enger rouder Kaart am leschte Match gefeelt.

An der 2. englescher gouf et fir Huddersfield mam Danel Sinani, deen net am Kader stoung, doheem een 1:1-Remis géint Coventry City. Zwar war Coventry City déi iwwerleeën Ekipp, de Remis dierft Huddersfield awer net zefriddestellen, well den Ausgläich vun de Gäscht réischt an der Nospillzäit gefall ass.

Beim 1. FC Köln an der Bundesliga souz e Freideg den Owend de Lëtzebuerger Nationalspiller Mathias Olesen fir d’éischte Kéier am Kader vun de Profien. Bei der 0:2-Néierlag géint Augsburg ass de Lëtzebuerger awer net agewiesselt ginn.

Back to Top
CIM LOGO