TennisEléonora Molinaro zu Antalya an der 1/4-Finall
RTL Lëtzebuerg
Beim ITF-Tennis-Tournoi an der Tierkei, konnt sech d'Eleonora Molinaro (WTA-239) an der 1/8-Finall an 2 Sätz géint eng däitsch Qualifikantin duerchsetzen.
Am Match géint d'Anna Gabric stoung et um Enn 6:3 a 6:2 fir d'Lëtzebuergerin.
An der 1/4-Finall trëfft Lëtzebuergerin op d'Eliessa Vanlangendonck aus der Belsch, wat sech mat 2:6, 7:5 a 6:1 géint d'Caroline Werner aus Däitschland behaapte konnt.