100 Joer ThillebiergEn ass vu Sites et Monuments klasséiert a soll e Futtballterrain bleiwen

RTL Lëtzebuerg
Déi fréier Heemecht vun der Red Boys Déifferdeng gouf de 24. Mee 1922 ageweit. Déi 100 Joer sinn net spuerlos un den Infrastrukturen erlaanscht gezunn.
100 Joer Thillebierg
Déi fréier Heemecht vun der Red Boys Déifferdeng gouf de 24. Mee 1922 ageweit. Déi 100 Joer sinn net spuerlos un den Infrastrukturen erlaanscht gezunn.

Am Januar 2020 gouf den Terrain vun der Gemeng Déifferdeng opkaaft. 2 Milliounen Euro hunn déi Responsabel der ArcelorMittal dofir bezuelt. 178 Ar sinn elo a Gemengenhand.

Den Thillebierg ass vu Sites et Monuments klasséiert a soll e Futtballterrain bleiwen. A 4 Phase gëtt e renovéiert.

Am Joer 1907 gouf de Club Red Boys gegrënnt. Vu 1922 u gouf um Thillebierg gespillt. Plaz war fir iwwer 7.000 Zuschauer. Virun allem Derbien op dësem Terrain haten et a sech, ewéi z.B. am September 1987 géint d’Escher Jeunesse.

Seet een Thillebierg, denkt een automatesch un d’Mineuren. Tëscht 1865 a 1981 goufen hei 500 Milliounen Tonnen Eisenäerz ofgebaut. 400 Hektar grouss waren d’Minnen um Thillebierg an domadder déi gréissten am Land.

An d’A stécht och d’Tribün. Si gouf deemools am Style vun der Belle Epoque gebaut. Dat war 1924. Un den englesche Stadie gouf sech inspiréiert.

Den 18. Mee 2012 gouf dee leschte Match um Thillebierg gespillt. Deemools war aus der Red Boys de Fusiounsveräin Déifferdeng 03 ginn. D’Ekipp vum Thillebierg huet viru bal 20 Joer mat der AS Déifferdeng fusionéiert. An dëser leschter Partie op dësem memorabelen Terrain huet Déifferdeng an der Coupe Halleffinall verluer.

100 Joer Thillebierg... d’Erënnerungen un eng flott Zäit bleiwen. D’Zukunft vum Club läit elo an der Jugend.

100 Joer Thillebierg - Reportage vum Roland Mersch
100 Joer goufen um Thillebierg Futtballschluechte geschloen an op verschiddenen Erënnerungen huet de Roland Mersch nach emol zeréckgekuckt.

Back to Top
CIM LOGO