
D’Nigerianerinnen haten de Match staark ugefaangen. D’Alozie hat no engem Corner staark op den englesche Gol gekäppt, ma d’Carter konnt de Ball e Meter virun der Linn blocken. Nëmmen zwou Minutte méi spéit kreest de Ball dann ëm den englesche Strofraum, bis op eemol d’Plumptre aus dem Réckraum ofzitt an de Ball un d’Lat knuppt.
An der 22. Minutt gëtt et dunn déi éischt Chance fir d’Englännerinnen. No engem Feeler an der nigerianescher Defense kann d’Russo aus 18 Meter ofzéien, ma d’Nnazodie am nigerianesche Gol hält de Ball.
An der 33. Minutt huet d’Arbitterin dunn no engem Kontakt am Strofraum op Eelefmeter vir England decidéiert. No enge Interventioun vum VAR an enger Analys vun de Video-Biller gëtt d’Decisioun allerdéngs zeréckgeholl.
Duerno kommen d’Englännerinnen däitlech besser an de Match an hunn an der Suitte och déi méi kloer Chancen. Ma an der 87. Minutt gesäit d’Lauren James no enger Tätegkeet déi rout Kaart.
Wärend dem Rescht vun der regulärer Spillzäit a wärend der Verlängerung ass kee Gol méi gefall, sou dass et an d’Eelefmeterschéisse gaangen ass.
Hei hunn déi éischt Spillerinnen op béide Säite verschoss. Bei den Englännerinnen huet d’Beth England den zweete Penalty fir England verwandelt. Duerno goung op béide Säite kee Schoss méi laanscht, sou dass England als Gewënner an d’Véierelsfinall anzitt.
Am zweete Match vum Dag ass den Organisateur Australien op Dänemark getraff.
De Match war vun Ufank un intensiv an d’Däninen haten déi zwou éischt Chance vun der Partie. Ma an der 29. Minutt hunn d’Australierinnen äiskal zeréckgeschloen. No engem Konter markéirt d’Foord den 1:0 fir den Organisateur.
An der 70. Minutt fält dann no enger flotter Kombinatioun den 2:0 fir d’Australierinnen. D’Conney-Cross passt duerch 3 dänesch Spillerinnen op d’Van Egmond, dat de Ball mam Réck zum Gol fir d’Raso opleet. Dat zitt äiskal of a setzt de Ball an de laangen Eck laanscht déi dänesch Golkipperin.