Dammefuttball-EMEngland klappt Däitschland a gëtt Europameeschter am eegene Land

RTL Lëtzebuerg
No enger animéierter Partie huet Däitschland sech an d'Verlängerung gerett. Do sollt d'Chloe Kelly zur Matchwinnerin avancéieren.
© FRANCK FIFE / AFP

Um Sonndeg gouf d’Finall vun der EM viru knapp 90.000 Spectateuren am legendäre Wembley-Stadion gespillt. Et war dat en Zuschauerrekord fir eng Finall bei den Dammen.

An der éischter Hallschent war et eng ganz intensiv Partie. D’Englännerinnen hate liicht méi vum Spill, richteg gutt Golchancë gouf et awer bal keng. Déi éischt Parad huet d’Merle Frohms no engem Kappball vum White an der 4. Minutt misse weisen. An der 26. Minutt hätt Däitschland du kéinten a Féierung goen. No engem Corner gouf et e Gewulls am Strofraum, mee d’Marina Hegering konnt de Ball net am Gol ënnerbréngen. Déi bescht Chance fir d’Heemekipp hat d’White no 37 Minutten, mee Stiermerin huet iwwer de Gol geschoss. Mat engem 0:0 sollt et an d’Paus goen.

Nom Säitewiessel war Däitschland méi present um Terrain an d’Magull huet an der 50. Minutt eng gutt Chance leie gelooss. De Schoss aus kuerzer Distanz ass laanscht de Gol gaangen. No der Drockphas vun Däitschland ass England op der anerer Säit a Féierung gaangen. No engem laange Ball an d’Schnëttstell vun der däitscher Ofwier ass d’Toone eleng op de Gol gelaf an huet de Ball am Gol ënnerbruecht. Kuerz drop hunn d’Englännerinnen den Otem ugehalen, wéi dem Magull säi Schoss un d’Lat gaangen ass an de Noschoss vum Schüller net präzis genuch war.

England war weiderhin ze passiv an huet Däitschland ze vill fräi Raim gelooss. An der 79. Minutt huet d’Magull déi Passivitéit bestrooft. No enger flotter Aktioun iwwer Lohmann a Waßmuth huet d’Magull de Ball ënnert d’Lat geschoss an domadder ausgeglach. Mam 1:1 ass et dunn an d’Verlängerung gaangen.

Et huet ee béiden Ekippen däitlech d’Middegkeet ugesinn a richteg Golchancë sinn et an enger éischter Phas keng ginn. An der zweeter Hallschent vun der Verlängerung ass England no engem Corner nees a Féierung gaangen. D’Kelly huet sech am Gewulls duerchgesat an de Ball an de Gol gespëtzelt. Däitschland sollt sech net méi dovun erhuelen, soudass England um Enn mat 2:1 gewënnt. Et ass deen 1. Europameeschtertitel fir Three Lionesses.

Back to Top
CIM LOGO