
Et huet eppes méi wéi eng hallef Stonn gedauert, bis déi englesch Dammen d’Lach an der schwedescher Defense fonnt hunn. Eng Flank gouf als éischt an der Mëtt vu jidderengem verpasst, éier d’Bronze de Ball op d’Mead zeréckleeë konnt. Obwuel si mam Réck zum Gol stoung, konnt si de Ball kontrolléieren an an d’Netz hummeren. Et ass déi éischte Kéier an dësem Turnéier, datt d’Schwedinnen hanne louchen. A bis zu Paus konnte si sech och net erëmkafen, dat well se nom Réckstand däitlech méi nervös gewierkt hunn. Esou ass et mat enger knapper englescher Féierung an d’Kabinne gaangen.
Ma d’Englännerinne koumen däitlech besser aus de Vestiairen. No 3 Minutte war et dëst d’Kéier Mead wat de Ball an de Strofraum bruecht huet an d’Bronze, wat mam Kapp markéiere konnt. De VAR huet dëse Gol dunn nach confirméiert, 2:0 fir d’Englännerinnen. Eng schéi Kombinatioun huet an der 68. Minutt zum 3:0 gefouert. D’Walsh spillt de Ball an d’Déift op d’Kirby, wat de Bléck fir Matspillerin huet an de Ball zeréckleet. D’Russo ass bei hirem éischte Schoss nach an der Golkipperin hänke bliwwen, ma den Noschoss war du kee Problem méi. Keng 10 Minutte méi spéit huet d’Kirby dunn den Deckel drop gemaach, dat no enger gudder Virlag vum Mead. No dëser dach klorer, mä och e bëssen onerwaarter héijer 4:0-Victoire, stinn d’Englännerinne verdéngt an der Finall.
E Mëttwoch decidéiert sech dann, géint wie d’Ekipp vun den Organisateure vun dëser Europameeschterschaft an der Finall untrëtt. Am Duell tëscht de Lëtzebuerger Nopeschlänner treffen déi däitsch Dammen op d’Fransousinnen.