US-Futtballspillerinne setze sech duerch"Equal Pay" gëtt am US-Futtball agefouert

RTL Lëtzebuerg
Jorelaang hunn d'Dammen ëm déi politesch engagéiert Futtballspillerin Megan Rapinoe drëm gekämpft, esou bezuelt ze ginn, wéi hir männlech Kolleegen.

En Dënschdeg dunn huet US Soccer matgedeelt, datt ee sech am rechtleche Sträit mat de Spillerinnen gëeenegt hätt. Esou gëtt den Ënnerscheet an der Paie tëscht de Männer a Fraen am Profifuttball an den USA ugepasst, ma och Bonussen, déi et zum Beispill beim Gewënn vun enger Weltmeeschterschaft gëtt, wäerten an Zukunft ganz änlech sinn. Dësen Deal muss awer elo nach ënnerschriwwe ginn.

Esouwuel d’Nationalekipp vun de Männer wéi déi vun de Frae freeë sech iwwert dësen Deal. “Mir hunn eis Differenzen ausgeraumt a sinn houfreg drop, datt mir zesumme fir méi Gerechtegkeet am Fussball suergen” steet an engem Statement, dee béid Ekippen zesumme publizéiert hunn.

AFP no soll dëst en Deal vu 24 Milliounen Dollar sinn. 22 Milliounen dovunner ginn un d’Spillerinnen ausbezuelt, de Rescht geet an e Fond, deen déi Futtballerinnen no hirer aktiver Karriär soll ënnerstëtzten ma och de Fraen- a Meedchefuttball fërderen.

Back to Top
CIM LOGO