
Den Erling Haaland gouf bei der Wiel vun der Europäescher Futtball-Unioun als beschten europäesche Futtballer vum Joer ausgezeechent. De Spiller huet ënnert anerem mat Manchester City d’Champions League gewonnen an ass englesche Champion ginn. Hien huet sech géint de Kevin De Bruyne (Manchester City, Nationalekipp Belsch) an de Lionel Messi (Paris St. Germain, Nationalekipp Argentinien) behaapt.
Als bescht europäesch Futtballerin vum Joer ass d’Aitana Bonmati ausgezeechent ginn. Si huet mat Barcelona d’Champions League gewonnen an huet mat der spuenescher Nationalekipp de WM-Titel gewonnen. Nominéiert waren nach d’Olga Carmona (Real Madrid, Nationalekipp Spuenien) an d’Sam Kerr (FC Chelsea, Nationalekipp Australien)
Den europäeschen Trainer vum Joer bei den Hären ass de Pep Guardiola (Manchester City). Hien huet sech géint de Simone Inzaghi (Inter Mailand) an de Luciano Spalletti (SSC Neapel) behaapt.
Bei den Damme gouf d’Sarina Wiegman als europäesch Trainerin vum Joer geéiert. Si ass d’Trainerin vun der englescher Dammennationalekipp. Bei der Futtball-WM elo am August hat een d’Finall géint Spuenien verluer. Nominéiert waren nach de Jonatan Giraldez (FC Barcelona) an de Jorge Vilda (Spanien).