
Aus där geet ervir, datt ronn 850 Milliounen Euro pro Joer Schued bannent der EU entsteet, duerch gefälschte Sportartikelen. Een Abus gëtt och bei illegalen Stream bedriwwen. De Rich Simon huet sech déi Etude méi genee ugekuckt.
De Fair Play gëtt am Sport gäre ganz héich gehalen. Dat trëfft awer net onbedéngt zou, wann ee sech d’Chifferen ukuckt, aus deenen ervir geet, datt Sportssupportere sech Kompetitiounen illegal ukucken oder sech gefälschten T-Shirten a sou weider vun hirem Liiblingsclub kafen.
Lëtzebuerger ass do keng Insel.18 Prozent vun de Lëtzebuerger kucke sech pro Joer aus illegal Quelle respektiv illegale Streamen, Sportsevenemeter un. Domadder läit de Grand-Duché hannert Bulgarien, Griicheland, Irland a Spuenien op der 5. Plaz vun de 27 EU-Memberstaaten.
Och gefälschte Sportartikele si bei eis am Land ganz beléift. An der Moyenne hu 6 Prozent vun de Lëtzebuerger am Alter tëscht 15 a 24 Joer der Etude no tëscht 2018 an 2021 wëssentlech gefälschte Sportartikel online kaaft. Fir d’Produzenten ass dat een Ëmsazverloscht vun 1,28 Milliounen Euro. Global gesinn geet duerch gefälschten Artikelen, déi an den EU-Staate kaaft ginn, de Produzenten een Ëmsaz vu ronn 851 Milliounen pro Joer laanscht d’Nues.
Den Office de l’union européenne pour la propriété intellectuelle weist am Rapport drop hin, datt bei gefälschte Sportartikelen dacks gëfteg oder geféierlech Substanzen nozeweise sinn.
Fir géint de Verkaf vu gefälschte Sportartikele virzegoen, gouf et dofir dat leschte Joer eng europawäit Policeaktioun, déi sech “Fake Star” genannt huet. Bei där goufen 8 Millioune gefälschte Sportartikele saiséiert, déi ee Verkafswäert vun 120 Milliounen haten. 264 Persoune goufe bei där Aktioun verhaft.