
Kuerz gesot, de Benevolat stéisst besonnesch bei de Sportsclibb hei am Land an esou Fäll nach méi wéi soss u seng Grenzen.
E Grapp voll Benevolle vun Diddeleng muss wärend der Zäit, wou den F91 Coupe d’Europe spillt, déi nämmlecht Aarbecht maachen, déi a Profiveräiner vun engem ganze Staff vun Haaptberufflechen ofgeschafft gëtt. Besonnesch an de leschte Joren, d’Ekipp aus der Forge du Sud hat jo zweemol d’Gruppephas vun der Europa League erreecht, war de Benevolat a seng Grenzen ëmmer nees en Thema, esou de Manou Goergen, Coordinateur Sportif vum F91.
“Mir hunn 10 Leit an eisem CA, déi all benevole sinn an hir Fräizäit investéiere fir d’Gestioun vum Veräin. Mir mierken awer ëmmer erëm, datt dat am Fong net machbar ass an datt mer do méi wéi just un eis Grenze stoussen.”
Wat de Congé sportif hei am Land fir d’Sportsclibb ugeet, trëppelt een op der Plaz, seet de Manou Goergen.
“Do erstaunt et eis zum Beispill och, wéi mer d’lescht Joer aus der Coupe d’Europe vun Dublin heemkoumen, do gouf schonn iwwert ee Gesetzestext geschwat, wou Congé Sportif fir Sportsveräiner en Vigueur gesat soll ginn, an dat ass elo nach ëmmer net geschitt.”
Fir d’Partie vun en Dënschdeg konnten esouguer zwee Spiller net matgoen, well se op der Aarbecht kee Congé kruten.
“Dat ass natierlech sportlech gesinn net ideal, fir e Land wéi Lëtzebuerg ass dat och eng Katastroph, datt mer et als Land net fäerdegbréngen, eis Sportler esou ze encadréieren, an och Dirigente vun de Veräiner, datt mer am Fong d’Moyenen zur Verfügung gestallt kréien, datt mer de Veräin op internationaler Bün esou vertrieden, wéi mer dat wéilten a wéi et och machbar ass an datt mer Lëtzebuerg op internationalem Parquet och besser kéinte vertriede wéi et am Moment de Fall ass.”
D’nächst Woch ass dann de Retourmatch am Stade Jos Nosbaum zu Diddeleng an do sinn dann nees net just déi Benevole, déi un hir Grenze stoussen, ma och déi lokal Infrastrukturen. Do stellt sech dann d’Fro, ob net méi dacks op den neie Stade de Luxembourg misst zeréckgegraff ginn oder kënne ginn, ouni e risege Loyer mussen ze bezuelen.