Conference-League-PlayoffF91 Diddeleng spillt 1:1 géint Lech Posen a verpasst d'Gruppephas

RTL Lëtzebuerg
D'Resultat war um Stade de Luxembourg géint Lech Posen 1:1, nodeems et virun enger Woch en 0:2 a Polen gouf.

F91 vs. Lech Posen / Rep. Serge Olmo

En Donneschdeg den Owend huet den F91 Diddeleng d’Qualifikatioun an d’Gruppephas vun der Conference League net gepackt.

D’Leeschtung vum F91 war virun der Paus richteg staark. Beim Säitewiessel stoung et 1:0 an d’Hoffnunge ware grouss. No der Paus huet den F91 net méi op deem selwechten Niveau gespillt.

Virun 1.935 Spectateuren - dorënner e Block vu ronn 300 Supporter aus Polen - konnt ee virum Match notéieren, datt et beim F91 am Verglach zum Allersmatch véier Wiessel gouf. Bei de Gäscht waren et zwee Changementer.

Déi Diddelenger hu wéi am Allersmatch missten op de blesséierte Manuel Da Costa verzichten.

Um Match goufen et keng gréisser Problemer mat de Supporter vu Lech, wéi et virum Match gefaart gi war. Si hunn hir Ekipp ouni Paus ugefeiert.

Schonn no zwou Minutten hätt Diddeleng en Eelefmeter kënnen accordéiert kréien. Lech Posen huet sech awer och net verstoppt. An der 5. Minutt huet no engem gudde Schoss vum Schwed Mikael Ishak de Lucas Fox am Diddelenger Gol staark gehalen.

Déi Diddelenger hunn hanne gewackelt, besonnesch wéi d’Visiteuren iwwert d’Säite gespillt hunn. D’Ekipp aus der Forge du Sud war awer nees an der 17. Minutt geféierlech duerch e Kappball vum Joao Magno.

De Match ass méi intensiv ginn. An der 20. Minutt hat den Ishak eng 100 prozenteg Golchance fir Lech Posen. An der 32. Minutt krut den F91 e Gol wéinst Abseits annuléiert wat awer bestëmmt keen Abseits war an dat huet déi Diddelenger op d’Palm bruecht huet. Et ass méi hektesch ginn.

An där waarmer Phas huet den Diddelenger Kapitän Mehdi Kirch den 1:0 aus der Distanz markéiert. De Ball gouf nach ofgefälscht. Diddeleng huet nach méi u sech gegleeft. An der 39. huet den Dejvid Sinani bal den 2:0 geschoss. Den F91 war an där Phas richteg staark.

De Sinani hat kuerz virun der Paus nees fir Gefor gesuergt. Den 1:0 an der Paus war total verdéngt op Gronn vun der exzellenter leschter Véierelsstonn virum Säitewiessel.

No der Paus huet Posen probéiert, de Rhythmus aus der Partie ze huelen.
An der 60. Minutt ass den 1:1 gefall. De portugisesche Spiller vu Posen Joel Pereira huet markéiert.

Diddeleng huet sech vun dem Schock missten erhuelen. No 67 Minutten huet de Samir Hadji fir den F91 awer nees fir Gefor gesuergt. D’Gäscht ware méi dacks geféierlech ëm déi 75. Minutt. De Lucas Fox huet e puer exzellent Parade misste weisen. Posen war dem 1:2 phaseweis zimmlech no.

Genee wéi géint Malmö gouf et deemno am Retourmatch géint e renomméierte Club e Remis, wat ganz an der Rei ass.

F91 Diddeleng verpasst d'Gruppephas
D’Resultat war um Stade de Luxembourg géint Lech Posen 1:1, nodeems et virun enger Woch en 0:2 a Polen gouf.

Back to Top
CIM LOGO