
Honnerte Leit hate sech an den Hoer.
D’Police huet mat engem groussen Dispositif missen agräifen an huet um Donneschdeg vu “Memberen vu problematesche Fanzeenen” geschwat. D’Polen haten um Wee fir op Lëtzebuerg en Tëschestopp zu Frankfurt gemaach. Zwee Poliziste goufe bei den Ausernanersetzunge verwonnt.
Um Donneschdeg den Owend spillt den F91 Diddeleng am Kader vum Retourmatch vum Playoff an der Conference League géint Lech Posen. Den Allersmatch hat Diddeleng mat 0:2 géint Lech Posen verluer.
D’Lëtzebuerger Police sot eis op Nofro hin, et wier een iwwert d’Tëschefäll informéiert ginn an et wier een op d’Situatioun preparéiert.