Champions-League-Qualifikatioun - 2. TourF91 Diddeleng wënnt Allersmatch mat 1:0 géint Pjunik Jerewan

RTL Lëtzebuerg
Den F91 Diddeleng huet en Dënschdeg den Owend an der 2. Ronn vun der Champions-League- Qualifikatioun auswäerts géint Pyunik Jerewan mat 1:0 gewonnen.
De Samir Hadji huet den decisive Gol geschoss.
De Samir Hadji huet den decisive Gol geschoss.
© Val Wagner (Archiv)

F91 klappt Jerewan / Reportage Serge Olmo

No den zwou Victoirë géint den albanesche Champion an der éischter Ronn gouf et also nees eng Victoire. Den F91 hat vun Ufank un gutt matgespillt viru ronn 10.000 Spectateuren. Wéi 8 Minutten erduerch waren, haten déi Diddelenger schonn zwee Mol d’Lat gerode mam Mohcine Hassan an Dejvid Sinani.
Et war besonnesch am fréien Owend extrem waarm zu Jerewan. De Golkeeper vum F91 Lucas Fox weess, datt et alles anescht wéi evident war an ass optimistesch, fir weider ze kommen.

“Et war e ganz schwéiere Match hei an Armenien mat ongewinnte Wiederkonditioune fir eis. Et war extrem waarm an et war schwéier Loft ze kréien. Dat Allerwichtegst war, datt mir mental e gudde Match geliwwert hunn an dat musse mir fir de Retourmatch behalen.”

An der Paus stoung et 0-0 gläich. Et kann een awer net behaapten, datt Jerewan passiv soll gewiescht sinn. D’Lokalekipp hat déi éischt 45 Minutten aacht Mol an Direktioun Diddelenger Gol geschoss den F91 véier Mol an déi aner Direktioun. De Match war och no der Paus equilibréiert.

An 70. Minutt ass e Feeler op de Samir Hadji gepaff ginn am 16 Meter. Zwou Minutten drop huet den Hadji selwer den Eelefmeter verwandelt. Dat war psychologesch ganz wichteg. Den Trainer Carlos Fangueiro weess dat am Beschten:

“De Samir huet markéiert, wat eis Confiance ginn huet, fir d’Situatioun ze geréieren. D’Ekipp ass räif an dat ass ganz wichteg. Bis zum Schluss hu mir gutt geréiert. An der 2. Halbzeit vum Match hätte mir nach kënne markéiere mat schéinen Aktiounen. Ech sinn allgemeng ganz frou. Mir hunn nach näischt gewonnen. 50 Prozent vun der Aarbecht ass haut erleedegt ginn.”

Den armenesche Champion hat nom 0:1 alles probéiert, mee den F91 war zolidd an et war ee fir den anere komplett solidaresch.

De nächsten Dënschdeg ass de Retourmatch, wou den F91 doheem probéiere wäert sech ze qualifizéieren, fir dann an der 3. Qualifikatiounsronn géint de Roude Stär Belgrad un ze trieden.

Back to Top
CIM LOGO