Copa del ReyFC Barcelona, Espanyol Barcelona a Betis Sevilla erfollegräich

RTL Lëtzebuerg
Erfollegräich, well déi dräi Ekippen hunn en Donneschdeg den Owend d'Véierelsfinalle vun der Copa del Rey erreecht.
© AFP (Archiv)

Real Sociedad - Betis Sevilla 2:2

Nom 0:0 am Allersmatch zu Sevilla hate béid Ekippen nach all Méiglechkeeten, fir sech fir d’Véierelsfinalle vun der spuenescher Coupe ze qualifizéieren. De bessere Start hat den Europa-League-Géigner vum F91 Diddeleng higeluecht, Betis Sevilla konnt nämlech an der 37. Minutt duerch de Canales a Féierung goen. Hir Freed sollt awer net vu laanger Dauer sinn, well de Zubeldia sollt nëmmen 3 Minutte méi spéit schonns den Ausgläich markéieren. Nom Säitewiessel konnt dunn de Mikel Merino Real Sociedad esouguer mat 2:1 a Féierung schéissen. An der 70. Minutt konnt de Loren awer den 2:2 schéissen. Mat dësem Resultat ass et dunn och op en Enn gaangen, esou dass Betis Sevilla duerch d’Auswäertsgoler een Tour weider kënnt.

Espanyol Barcelona - FC Villareal 3:1

Den Allersmatch tëscht Espanyol Barcelona a Villareal war mat engem 2:2 op en Enn gaangen. Deemno war Spannung virprogramméiert fir de Retourmatch zu Barcelona. An et war dann och d’Lokalekipp, déi dem Spill hire Stempel opdrécke konnt. Si konnten nämlech tëscht der 34. a 37. Minutt direkt 2 Goler markéieren an dat zweemol duerch een Eelefmeter. Eng Kéier huet de Piatti an eemol den Iglesias d’Nerve behalen. Villareal konnt awer nach virun der Paus duerch den Chukwueze verkierzen. Et sollt awer alles näischt méi hëllefen, well an der zweeter Hallschent sollt nëmmen nach 1 Gol falen an zwar erëm fir d’Lokalekipp duerch den Iglesias, esou dass Espanyol Barcelona sech fir d’Véierelsfinalle qualifizéiert.

FC Barcelona - UD Levante 3:0

Nodeems den FC Barcelona den Allersmatch géint Levante iwwerraschend mat 1:2 verluer hat, war een am Retourmatch doheem am Camp Nou gefuerdert. Iwwerdeems een den Allersmatch mat enger B-Ekipp gespillt hat, huet een en Donneschdeg dëse Feeler net nach eemol gemaach an et sollt och hëllefen. An der 30. Minutt huet den Ousmane Dembélé den 1:0 fir d’Katalane geschoss. Levante hat sech nach net vum Géigegol erholl, wéi den Dembélé nëmmen 1 Minutt méi spéit direkt nach eemol zougeschloen huet. Den Titelverdeedeger a Rekordgewënner konnt och no der Paus weider iwwerzeegen. An der 54. Minutt konnt nämlech de Lionel Messi op 3:0 stellen. Bei dësem Stand ass et dunn och bliwwen, esou dass Barca nach ëmmer op de 5. Titel hannerteneen hoffe kann.

Back to Top
CIM LOGO