Déifferdeng verléiert an Ënnerzuel doheem géint Ljubliana an d’Fola verléiert och de Retourmatch géint Tre Fiori. Domat si béid Lëtzebuerger Ekippen eliminéiert.
FC Déifferdeng 03 - Olimpija Ljubliana 1:2 no Verlängerung
Bei enger ganz gudder Kuliss vun 1.992 Spectateuren, dat huet bedeit, datt et ausverkaaft war. Ënner hinne waren eng 60 slowenesch Supporter, déi de ganze Match hir Ekipp ugefeiert hunn. Den FC Déifferdeng 03 war richteg gutt an de Match komm. Am Allersmatch hat den FCD03 an der 10, Minutt markéiert, en Donneschdeg doheem an der 9. Minutt. No engem Fräistouss vum Guillaume Trani huet de Juan Bedouret de Ball eragekäppt.
Den FC Déifferdeng hätt missten an der Paus méi däitlech vir sinn, well Ljubliana net ganz vill dogéintzesetzen hat. Et stoung awer nëmmen 1:0 fir Déifferdeng an der Paus.
Nom Säitewiessel war et e ganz anere Match. Déi éischt Chance war fir den FC Déifferdeng no 48 Minutten an zwar fir den Ulisses, mee do goung et reegelméisseg an déi aner Direktioun.
An der 80. Minutt koum déi kal Dusch. Den Augustin Doffo huet aus der Distanz den Ausgläich markéiert.
4 Minutten drop ass de grad agewiesselte Moussa Maazou onkontrolléiert an en Duell gaangen. Den FC Déifferdeng huet de Rescht vum Match missten an Ënnerzuel sinn an dat och an der Verlängerung.
Hei war et de Milovic, deen an der 112. Minutt mat sengem Gol fir d’Decisioun gesuergt huet, esou datt Déifferdeng eliminéiert ass
SP Tre Fiori - Fola Esch 3:1
D’Escher Fola hat den Allersmatch doheem mat 0:1 verluer an huet en Donneschdeg deemno onbedéngt misse gewannen, wann een et an den zweeten Tour packe wollt.
An der 31. Minutt louch d’Fola dunn allerdéngs schonns mat 0:1 hannen duerch e Gol vum Goh. Wuel konnt de Correia Mendes kuerz drop fir déi Escher ausgläichen, ma nawell sollte si mat engem Réckstand an d’Paus goen. An der 1. Minutt vun der Nospillzäit konnt de Gjurchinoski nämlech nach den 2:1 fir d’Haushäre markéieren.
Deen nämmlechte Spiller huet dann och an der 51. Minutt eng weider Kéier getraff a konnt domat op 3:1 erhéijen, wat och gläichzäiteg d’Schlussresultat war.