"Mir sinn e familiäre Veräin"FC Luerenzweiler steet kuerz virum gréissten Exploit an der Veräinsgeschicht

Yannick Zuidberg
Den FC Luerenzweiler ass 1945 gegrënnt ginn. An der Saison 1999/2000 ass de Veräin eng éischt Kéier an der Veräinsgeschicht an déi 1. Divisioun opgestigen.

No jeeweils engem Ofstig an engem Opstig spillt den FC Luerenzweiler elo zanter 7 Joer an der 1. Divisioun. Ma mëttlerweil dierft kloer sinn, datt den FCL d’Saison 2023/2024 an der Éierepromotioun wäert spillen an dat fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht. Et huet een nämlech 17 Punkten Avance op den Tabellenzweeten, dat bei nach 6 Matcher, déi ze spille bleiwen.

Dobäi war d’Ekipp vu Luerenzweiler schonns déi lescht Joren deels ganz no um Opstig drun. Déi lescht Saison huet just déi méi schlecht Goldifferenz et verhënnert, datt Luerenzweiler de Barragematch, fir opzesteigen, gespillt huet.

Den Opstig an d’Éierepromotioun wäert sécherlech de gréissten Erfolleg an der 78 Joer laanger Veräinsgeschicht ginn. De gréissten Exploit bis elo war wuel d’Erreeche vun der Finall vun der Coupe FLF wärend der Saison 2015/2016. Dee Match hat een allerdéngs knapps mat 2:3 géint den Noper Steesel verluer.

E Samschdeg huet een no 23 Victoiren hannerteneen, géint den FF Norden 02 déi éischt Néierlag vun der Saison missen astiechen. Eigentlech hat ee gehofft, do den Opstig scho feieren ze kënnen, ma dee Rendez-vous gouf elo ëm eng Woch no hanne geluecht.

De Resumé vum Match

FC Luerenzweiler verléiert éischte Match vun der Saison
Nawell steet de Veräin kuerz virum Opstig an d’Éierepromotioun.

Jugendaarbecht e wichtege Pilier

Den FC Luerenzweiler war an der Zäit deels ëmmer bekannt fir hir gutt Jugendaarbecht. Esou kommen zum Beispill déi zwee fréier Lëtzebuerger Nationalspiller Ben Federspiel a Ben Payal aus der Jugend vum FCL. Déi zwee kommen zesummen op 101 Asätz fir d’Rout Léiwen.

De Jérôme Entringer iwwer d'Jugendaarbecht.
De President vum FC Luerenzweiler am RTL-Interview.

Familiäre Veräin

Den Éischtgenannten ass no senge Statiounen zu Ettelbréck a Gréiwemaacher dann och 2010 nees zeréck bei säi Jugendveräin gewiesselt an ass haut och Member vum Comité. Virun allem ass et e familiäre Veräin. Esou besteet de komplette Comité vum FCL dann och aus fréiere Spiller an Trainer vum FCL, esou wéi och de President selwer.

De Jérôme Entringer iwwer de Comité
De President vum FC Luerenzweiler am RTL-Interview.

Back to Top
CIM LOGO