Déi Déifferdenger hu misste bei Olimplja Ljubljana aus Slowenien untrieden. D’Heemekipp hat iwwert déi ganz 90 Minutte gesinn méi Golchancen, sinn iwwert en 1:1 awer net erauskomm. Dobäi hu si sech et no 10 Minutte selwer schwéier gemaach, well et war de Krefl deen den eegene Golkipp bezwénge konnt an déi Déifferdenger domadder a Féierung konnt bréngen. No eppes méi wéi enger Stonn vun de Milovic dunn den Ausgläich fir d’Heemekipp markéiert, bei deem Score ass et awer bis zum Schluss bliwwen. Esou hunn d’Lëtzebuerger am Retourmatch gutt Kaarten, fir doheem an déi nächste Ronn vun der Qualifikatioun anzezéien.
Déi Escher Fola huet am éischten Tour vun der Conference League géint Tre Fiori aus San-Marino gespillt. D’Resultat no 95 ganz enttäuschende Minutten ass 1:0 fir d’Gäscht aus San Marino. Virun 925 Spectateure waren déi Escher géint e schwaache Géigner an der 11. an 12. Minutt geféierlech mam Stefano Bensi bis virun de Gol komm, ma et ass näischt dobäi erausgesprongen. D’Visiteuren hate bis d’Paus guer keng Golchance.
Et huet ee bis déi éischt Minutt no der Paus misste waarden, fir déi éischt liicht geféierlech Aktioun vun Tre Fiori ze notéieren. D’Fola hat definitiv méi vum Spill, ouni awer wierklech z’iwwerzeegen. An der 85. Minutt koum déi grouss Iwwerraschung. Bei der éischter richteger Golaktioun vun de Gäscht huet den Joel Mastroianni dee ganz onerwaarten 1:0 markéiert.
Déi Escher kënne sech mat hirer eegener Nues huelen, datt si näischt aus hirer Dominanz gemaach hunn. Fir de Retourmatch ass natierlech nach eppes dran, mä d’Fola muss bis dohin e Qualitéitssprong maachen.