
Fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp fänkt d’Nations League mat zwee Auswäertsmatcher un. Den Optakt ass samschdes, de 4. Juni a Litauen an 3 Deeg drop op de Färöer Inselen.
Samschdes, den 11. Juni ass deen éischten Heemmatch géint d’Tierkei. Dënschdes, de 14. Juni kommen d’Färöer Inselen dann op Besuch.
Am September geet et donneschdes, den 22. weider an der Tierkei an d’Campagne gëtt sonndes, de 25. September mat der Partie am Stade de Luxembourg géint Litauen ofgeschloss.
Samschdes, de 4. Juni:
18h00: Litauen - Lëtzebuerg
20h45: Tierkei - Färöer Inselen
Dënschdes, de 7. Juni:
20h45: Färöer Inselen - Lëtzebuerg
20h45: Litauen - Tierkei
Samschdes, den 11. Juni:
18h00: Färöer Inselen - Litauen
20h45: Lëtzebuerg - Tierkei
Dënschdes, de 14. Juni:
20h45: Lëtzebuerg - Färöer Inselen
20h45: Tierkei - Litauen
Donneschdes, den 22. September:
20h45: Tierkei - Lëtzebuerg
20h45: Litauen - Färöer Inselen
Sonndes, de 25. September:
20h45: Lëtzebuerg - Litauen
20h45: Färöer Inselen - Tierkei