
Tierkei, Litauen, an Färöer Inselen, esou heeschen d’Géigner vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp an der nächster Nations League Campagne. D’Matcher ginn am Juni an am September gespillt. D’Rout Léiwe sinn an der Divisioun C, am Grupp 1, an hunn interessant Aufgabe viru sech.
Et ass vun allem dobäi... e liichte Géigner, een op Aenhéicht an een, géint deen et schwéier gëtt.
Dozou den Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz:
“Ee ganz klore Favoritt d’Tierkei, déi och an der Breed vill besser opgestallt sinn, wéi déi 3 aner Natiounen. Déi 3 aner wäerte sech déi 2. Plaz ënnert sech ausmaachen. Mä mir wëllen eis net vun Ufank geschloe ginn, ma virun allem heiheem probéiere mer déi 3 Punkten ze kréien an da kucke mer wéi et geet.”
Lëtzebuerg huet bis elo eréischt eng Kéier an enger Kompetitioun géint d’Tierkei gespillt, dat war an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun 1972. Duerno goufen et nach 5 Frëndschaftslännermatcher, dee leschte viru 6 Joer. Deemools hat d’FLF-Formatioun knapp 1-2 heiheem verluer. De Mario Mutsch hat de Gol geschoss. De Kapitän vun elo, de Laurent Jans, weess, datt spéitstens zanter de Stefan Kuntz Trainer um Bosporus ass, d’Ambitioune vun der Futtballverréckter Natioun, déi am Fong guer net an d’Divisioun C gehéieren, nees ganz héich sinn.
Laurent Jans: “Mat der Tierkei hu mer ganz kloer dee schwéierste Géigner krit, deen een an eisem Grupp ka kréien, dofir ass et dann och eng grouss Erausfuerderung fir géint si ze spille, an dann krute se jo och e neien Trainer dee mer alleguerten kennen, an dann och d’Ambiance an der Tierkei déi mer kennen, do freeë mer eis elo schonn drop, wann dann mat Spectateuren gespillt ka ginn. E ganz staarke Géigner deen och am Grupp B kéint spillen.”
Vun Ufank bis Mëtt Juni ginn schonn 4 Matcher gespillt, déi zwee aner sinn dann am September. D’UEFA deelt elo an de nächsten Deeg mat, wéini géint wien d’Matcher genee sinn.
Virun 20 Joer hat Lëtzebuerg fir d’lescht an enger Qualifikatioun géint Färöer Inselen gespillt. Et war deemools den Ufank vum Enn vun der Ära Paul Philipp als Nationaltrainer.
Frankräich konnt déi zweet Editioun vun der Nations League fir sech decidéieren a gouf domat Successeur vu Portugal. Lëtzebuerg spillt an der Liga C am Grupp 1 géint d’Tierkei, Litauen an d’Färöer Inselen.
Grupp 1: Färöer Inselen, Litauen, Lëtzebuerg, Tierkei
Grupp 2: Zypern oder Estland, Kosovo, Griicheland, Nordirland
Grupp 3: Kasachstan oder Moldawien, Aserbaidjan, Belarus, Slowakei
Grupp 4: Gibraltar, Georgien, Nordmazedonien, Bulgarien
Grupp 1: Éisträich, Kroatien, Dänemark, Frankräich
Grupp 2: Tschechesch Republik, Schwäiz, Portugal, Spuenien
Grupp 3: Ungarn, England, Däitschland, Italien
Grupp 4: Wales, Polen, Holland, Belsch
Grupp 1: Armenien, Irland, Schottland, Ukrain
Grupp 2: Albanien, Israel, Russland, Island
Grupp 3: Montenegro, Rumänien, Finnland, Bosnien-Herzegowina
Grupp 4: Slowenien, Serbien, Norwegen, Schweden
Grupp 1: Lettland, Andorra, Kasachstan oder Moldawien, Liechtenstein
Grupp 2: San Marino, Zypern oder Estland, Malta