En Dënschdeg den OwendFLF gutt an der Tierkei ukomm

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am fréien Owend ass déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp zu Istanbul an der Tierkei ukomm.
© Serge Olmo / RTL

De Vol an den Transfert an den Hotel sinn ouni Problemer verlaf, esou datt den Nationaltrainer Luc Holtz sech voll op dat Sportlecht ka fokusséieren.

E Mëttwoch den Owend ass den Training am Fatih Terim Stadion, dëst direkt no der Pressekonferenz an en Donneschdeg ass de Match géint e Leader vum Grupp 1 aus der Liga C. Am Aller-Match gouf et Ufank Juni eng 0:2-Defaite géint d’Tierkei.

RTL-NEWS: FLF-Trainer Luc Holtz géint fréieren FLF-Directeur-Technique Reinhold Breu

Back to Top
CIM LOGO