D’FLT-Formatioun krut Ungarn zougeloust a spillt am Weltgrupp 1 am September nees virun heemeschem Publikum.
De Fall gesat, dass d’Renconter gewonne gëtt, dierf sech Lëtzebuerg iwwert eng weider Promotioun am Davis Cup freeën. Da géifen d’Rout Léiwen nämlech an enger Qualifikatiounsronn spillen, fir sech iwwert dëse Wee fir den Haapttableau ze qualifizéieren.
D’Länner, déi am Haapttableau stinn, spillen dann ëm déi bekannten Davis-Cup-Coupe.