D'Organisateure vu Roland Garros hu matgedeelt, datt hiren Tournoi elo vum 20. September bis de 4. Oktober zu Paräis gespillt gëtt. U sech sollten d'French Open den 18. Mee am Weste vun der franséischer Haaptstad ufänken.