
Nodeems en Dënschdeg den Owend Bayern München schonn Hierschtchampion an der Bundesliga ginn ass, war et e Mëttwoch den Owend d’Suite vum 16. Spilldag.
No der Victoire géint Union Berlin huet den SpVgg Greuther Fürth eng Néierlag missen astiechen. An der éischter Hallschecht hat den Haaland Borussia Dortmund a Féierung bruecht. Eng zweete Kéier hat den Norweger an der 82. Minutt markéiert. Kuerz viru Schluss hat de Malen (89') de Virsprong op 3:0 weider ausgebaut.
Bayer Leverkusen an TSG Hoffenheim hunn 2:2 gläichgespillt. FC Augsburg an RB Leipzig hu sech mat engem 1:1 getrennt.
Eintracht Frankfurt huet auswäerts an Ënnerzuel géint Borussia Mönchengladbach gewonnen. Den Tuta, deen an der 39. Minutt Giel krut, huet no 70 Minutte Spillzäit misse vum Terrain. No engem Gläichstand huet de Kamada mat sengem éischte Gol fir dës Saison (55') de Score op 3:2 erhéicht a fir d’Victoire gesuergt.
Union Berlin an FC Freiburg sinn iwwerdeems net iwwert en 0:0 erauskomm.