20. Anniversaire vun der CoqueGalamatch tëscht Däitschland an dem Volleyball-Europameeschter Italien

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum 20. Anniversaire vun der Coque gëtt den 29. Mee Weltklass Härevolleyball gebueden.
© RTL-Archivbild

Den 29. Mee spillen um 19 Auer am Gymnase vun der Coque Däitschland (6. Plaz bei der EM) an den aktuellen Europameeschter Italien géinteneen.

Um 16 Auer ass et schonn de Match an der Volleyball-Silver-League tëscht der Lëtzebuerger Dammennationalekipp an där aus Estland.

Weider Informatioune ginn et um Internetsite vun der Coque.

Back to Top
CIM LOGO