Lëtzebuerger Futtballer am AuslandGerson Rodrigues trëfft zum 1:1-Ausgläich

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems huet Mannheim mam Maurice Deville 1:1 géint Magdeburg gespillt. Lommel SK a Virton trennen sech 0:0 a Paderborn verléiert mam Jans 2:4.
© RTL (Archiv)

Sonndeg

Paderborn huet an der 1. Däitscher Futtball Bundesliga um Sonndeg den Owend 2:4 géint Wolfsburg verluer. Den Nationalspiller Laurent Jans stoung wuel vun Ufank un um Terrain, ma gouf an der Hallschent ausgewiesselt. Den Detail vum Match fannt dir hei.

Lommel SK, bei deenen de Chris Phillips net am Kader stoung, a Royal Excelsior Virton trennen sech 0:0. Bei Vitron hunn den Anthony Moris, de Kevin Malget an den Aurélien Joachim de ganze Match duerch gespillt. Den Dave Turpel souz 90 Minutten op der Bänk.

An der Tierkei huet de Gerson Rodrigues direkt a sengem 1 Match fir säi neie Club Ankaragücü den 1:1-Ausgläich an der 50. Minutt geschoss. Mam nämmlechte Resultat ass de Match op en Enn gaangen. De LLëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain.

De Vahid Selimovic huet op Zypern mat Apollon Limassol 0:2 géint AEL Limassol verluer. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match iwwer um Terrain a krut an der 43. Minutt eng Giel Kaart.

An der 3. Liga an Däitschland hat Waldhof Mannheim um 22. Spilldag den FC Magdeburg op Besuch. De Match ass mat engem 1:1 op en Enn gaangen. An der 68. Minutt ass de Maurice Deville fir de Valmir Sulejmani an d’Partie komm, deen an der 53. Minutt den 1:0 fir seng Faarwe geschoss huet. An der Nospillzäit huet Magdeburg den Ausgläich geschoss. Duerch dëst Gläichspill verléiert Mannheim seng 3. Plaz an der Tabell un Unterhaching.

Samschdeg

An der däitscher Bundesliga stoung de Leandro Barreiro bei der 1:3-Defaite vu Mainz 05 géint Bayern München vun Ufank un um Terrain. De Lëtzebuerger hat an der 22. Minutt e Schoss op de Potto gesat a gouf an der 72. Spillminutt ausgewiesselt. Hei fannt Dir den Detail vum Match.

Um 20. Spilldag vun der 2. Bundesliga an Däitschland ass e Samschdeg de Karlsruher SC op Holstein Kiel getraff. De KSC huet sech misse mat 0:2 geschloe ginn. Hei der Heemnéierlag souz de Lëtzebuerger Dirk Carlson déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.

An der 3. Liga an Däitschland war et dat brisanten Duell tëscht Ingolstadt a Kaiserlautern. D’Heemekipp vum Trainer Jeff Saibene konnt d’Partie an der 4. Minutt vun der Nospillzäit in extremis fir sech entscheeden a steet elo an der Tabell op der 2. Positioun.

De Christopher Martins war iwwerdeems an der Schwäiz iwwer déi gesamt Spillzäit bei der 0:2-Néierlag vun de Young Boys Bern zu Luzern am Asaz. D’Young Boys bleiwen awer no dëser Defaite de Leader an der Tabell vun der ieweschter Divisioun.

Lille, de Veräin vum President Gérard Lopez, louch no den éischte 45 Minutte mat 0:1 a Réckstand. No der Paus huet de LOSC de Wee zeréck an de Match fonnt a konnt direkt zweemol markéieren. D’Nordfransouse stinn no dësem Succès op der 4. Tabelleplaz.

Freideg

An der Ligue 2 a Frankräich stoung de Vincent Thill e Freideg den Owend eng weider Kéier net am Kader vu senger Ekipp US Orléans. Auswäerts gouf et dann och eng weider Néierlag. Orléans huet géint Clermont Foot kloer 1:3 verluer a bleift domadder weider op der leschter Plaz an der Tabell.

An Holland ass et dogéint fir den Enes Mahmutovic besser gelaf. An der 2. Divisioun stoung de Lëtzebuerger Nationalspiller 90 Minutte fir Maastricht um Terrain. Um Enn konnten hien a seng Matspiller sech iwwert eng 3:1-Victoire freeën.

E Freideg war et dann och d’Nouvelle, datt de Gerson Rodrigues op en Neits de Veräin gewiesselt huet. De Lëtzebuerger Nationalspiller spillt an Zukunft fir eng türkesch Ekipp an der Süper Lig.

Back to Top
CIM LOGO