
RTL-Informatiounen no war de Gerson Rodrigues en Donneschdeg op Ankara geflunn. Um Freideg war et dunn Confirmatioun, datt de Gerson Rodrigues vun Dynamo Kiew un den tierkesche Veräin MKE Ankaragücü ausgeléint gëtt.
De Veräin steet aktuell an der éischter tierkescher Liga op der zweetleschter Plaz.