
Zanter Februar ass de Jürgen Klinsmann den Trainer vun der südkoreanescher Nationalekipp, mat där hien an där Zäit 5 Matcher gespillt huet, mä kee gewanne konnt. 2 Néierlagen an 3 Remisë gouf et an deene 7 Méint fir de fréiere Coach vun der däitscher Nationalekipp.
Ee vun den Haaptkritikpunkten um Klinsmann vu südkoreanesche Fans a Medie soll säi Wunnsëtz sinn. Deemno verbréngt den 59 Joer alen Trainer méi Zäit a senger Walheemecht an den USA, wéi a Südkorea. Hie géing deemno déi südkoreanesch Spiller net gutt genuch kennen an och déi südkoreanesch Futtball-Liga net suivéieren. Amplaz léisst hie sech angeeblech vu sengen Assistenten iwwer dës “briefen”.
De Klinsmann kontert dës Kritik domadder, datt hie wësse muss wat international am Futtball geschitt an dowéinst och besonnesch d’Geschéien an Europa suivéiert, fir ze gesinn, wat déi bescht Ekippe vun der Welt maachen. Hie géing zwar net ëmmer a Südkorea sinn, mä trotzdeem permanent schaffen.
De Futtballweltmeeschter vun 1990 steet weiderhin ënnert enormem Drock. De Frëndschaftsmatch en Dënschdeg tëschent Südkorea a Saudi-Arabien zu Newcastle, kéint fir seng weider Karriär an der südkoreanescher Nationalekipp entscheedend ginn.