VIDEO: Sport BibleGoal aus Lëtzebuerger 2. Divisioun: Seedorf Style!

RTL Lëtzebuerg
De véierfachen Champions-League-Gewënner a fréieren hollänneschen Nationalspiller Clarence Seedorf analyséiert verschidde Goler, déi Sport Bible krut.

Ee vun dëse Goler kënnt aus Lëtzebuerg. An der 2. Divisioun, beim Match tëscht dem FC Perlé an der Avenir Beggen huet de Stéphane Muller emol einfach aus 40 Meter ofgezunn. Voll an de Wénkel. 1:0 fir Perlé, wat och d’Schlussresultat war.

D’Missioun Grottekickwar dobäi an hat d’Kamera op dëse Gol gehalen. Si hunn dann och de Video u SportBiblegeschéckt an de Clarence Seedorf war begeeschtert vun dësem Gol.

Dat ass wéi e fantastesche Gol, Seedorf Style. Jo, hien huet mech kopéiert. Dat sinn ongeféier 40 Meter, e super Schoss. Boom! Dat erënnert mech u mäi Gol, wéi ech mat Inter géint Juventus gespillt hunn. Wat fir e Schoss. Voll an de Wénkel, kommentéiert de fréieren hollänneschen Nationalspiller de Schoss a senger eegener Rubrik “Clarence Seedorf, Rate M Skills”.

Back to Top
CIM LOGO