Internationale FuttballGolfestival zu Lyon

RTL Lëtzebuerg
Tëschent Lyon a Montpellier sinn net manner wéi 9 Goler gefall. An der Premier League bleift Arsenal u ManCity drun.
© AFP

An Holland huet Feyenoord Rotterdam duerch en 2:0 am Derby géint Excelsior Rotterdam e grousse Schratt Richtung Meeschertitel gemaach. De 15-fache Meeschter läit dräi Spilldeeg viru Schluss aacht Punkte virum éischte Verfolger PSV Eindhoven, déi e Samschdeg 1:0 bei Sparta Rotterdam, dem Veräin vum Lëtzebuerger Mica Pinto, gewonnen haten.

Bundesliga

De Resumé vum Match Dortmund géint Wolfsburg fannt Dir hei.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Newcastle - Arsenal 0:2
0:1 Ödegaard (14'), 0:2 Schär (72', Eegegol)

An der éischter Hallschent war et en héichklassege Match tëscht dem Tabellendrëtten an dem Tabellenzweeten. Arsenal konnt frou sinn, no der verschlofener Ufanksphas net hannen ze leien an huet mam éischte Schoss op de géigneresche Gol d’Féierung markéiert. Duerno gouf et bis zum Pausentéi eng helle Wull u Chancen op béide Säiten. Och an den zweete 45 Minutte hu sech béid Ekippen näischt geschenkt, bis de Schär de Ball an den eegene Gol buxéiert huet. Uschléissend war d’Loft eraus an Newcastle ass just nach vereenzelt zu Chancë komm. Arsenal behält an der Tabell ee Punkt Réckstand op de Leader Manchester City.

West Ham - Manchester United 1:0
1:0 Benrahma (27')

Manchester United huet wichteg Punkten am Kampf ëm d’Champions-League-Plaze leie gelooss, wärend West Ham e wichtege Schratt Richtung Klassenerhalt an der Premier League gemaach huet. D’Hammers hunn dobäi vun engem Feeler vum David de Gea vu Manchester profitéiert, deen de Ball falsch ageschat hat. ManU war eigentlech déi méi aktiv Ekipp, mee huet ze wéineg Gefor produzéiert. Dat sollt sech och am zweeten Duerchgang net änneren, soudass d’Red Devils déi zweet Néierlag hannertenee kasséieren an elo just nach zwee Punkten Avance op Liverpool hunn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Atalanta Bergamo - Juventus Turin 0:2
0:1 Iling-Junior (56'), 0:2 Vlahovic (90'+8)

Nodeems Juve an de leschte Matcher just eng Victoire feiere konnt, waren déi dräi Punkte géint Bergamo nach méi wichteg. Bergamo hat sech am Ufank op d’Defense konzentréiert, konnt awer och Akzenter no vir setzen an hat duerch e Kappball vum Scalvini déi bescht Chance an der éischter Hallschent. Juventus koum just eng Kéier no engem Feeler an der Bergamo-Defense zu enger gudder Golchance. An den zweete 45 Minutten huet den Debütant Iling-Junior den éischte Gol fir déi Al Damm markéiert, mee d’Lokalekipp huet sech net opginn an hat weider gutt Golchancen. De Vlahovic huet dunn an der Nospillzäit alles kloer fir d’Juve gemaach. Den italieenesche Rekordmeeschter ass elo neien Tabellenzweete vun der Serie A.

Neapel - Florenz 1:0
1:0 Osimhen (74', Eelefmeter)

Am éischten Heemmatch, nodeems d’Meeschterschaft definitiv perfekt gemaach gouf, war et am Ufank eng manner interessant Partie, well de Meeschter ouni déi zwéngend Chancë blouf. An der zweeter Hallschent krut Neapel zweemol en Eelefmeter zougesprach. Deen éischten hat de florentinesche Golkipp gehalen, deen zweete konnt den Osimhen verwandelen. Florenz hat wuel nach eng gutt Chance op den Ausgläich, konnt déi awer net notzen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Angers - Monaco 1:2
0:1 Golovin (45'), 0:2 Boadu (60'), 1:2 Sima (64')

Monaco war gutt an de Match an de Match komm an hat an der éischter Véierelstonn direkt zwou gutt Chancen, ass awer ëmmer um Golkipp hänke bliwwen. D’Monegassen haten och Chance, dass si kuerz virun der Paus net a Réckstand gerode sinn an hu selwer zougeschloen. Nom zweete Gol vu Monaco huet Angers awer direkt eng Géigereaktioun gewisen an den Uschloss hiergestallt. D’Ekipp aus dem Fürstentum huet d’Avance awer iwwer d’Zäit gerett kritt.

Lyon - Montpellier 5:4
1:0 Lacazette (31'), 1:1 Wahi (40'), 1:2 Wahi (41'), 1:3 Wahi (53', Eelefmeter), 1:4 Wahi (55'), 2:4 Lacazette (59'), 3:4 Lovren (70'), 4:4 Lacazette (82'), 5:4 Lacazette (90'+10, Eelefmeter)

Et war e verréckte Match zu Lyon. Et gouf gläich zwee Spiller, déi véier Goler an dësem Match geschoss hunn: de Lacazette fir Lyon an de Wahi fir Montpellier. Fir den neutralen Observateur war et eng Partei, där ee gär nogekuckt. Lyon läit weiderhin op der siwenter Plaz am Championnat an huet nach d’Méiglechkeet, sech fir d’Europa Conference League ze qualifizéieren.

Troyes - PSG 1:3
0:1 Mbappé (8'), 0:2 Vitinha (59'), 1:2 Chavalerin (83'), 1:3 Ruiz (86')

Paräis gewënnt ouni Glanz awer héichverdéngt de Match zu Troyes ass ass domat op Kurs Titelverdeedegung. Et sinn elo sechs Punkte Virsprong an déi däitlech besser Goldifferenz par rapport zu Lens. Fir Troyes ass den Ofstig bei 12 Punkte Réckstand op dat rettend Ufer wuel net méi ze evitéieren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO